Riederen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Riederen (Hiriichtung))
Hiriichtung duerch Riederen

D'Riedere war fréier eng brutal Manéier, fir Persounen, déi zum Doud verurteelt waren, mat Hëllef vun engem Rad hinzeriichten. Si gouf vum Mëttelalter bis an déi fréi Neizäit praktizéiert. A Bayern ass si eréischt 1813 komplett ofgeschaaft ginn. Déi lescht Hiriichtung duerch Riederen huet sech 1841 a Preisen ofgespillt.

Duerchféierung[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt goufen déi als Mäerder oder Raiber Verurteelt op d'Riichtplaz bruecht an do um Buedem festgebonnen. Am éischten Akt war d'Zil net den Doud, mä d'qualvollt Mutiléiere vum Kierper. Dofir si bei der geleefegster Variant d'Been als éischt gebrach ginn. Dobäi huet de Schaarfriichter d'Riichtrad, dat meescht en eisene Bord hat, op den ënneschten Deel vum Bee fale gelooss a sech da bis zum Verurteelte sengen Äerm eropgeschafft. De Rhythmus an d'Zuel vun de Schléi war ëmmer festgeschriwwen. Fir d'Wierkung z'erhéije si schaarfkanteg Holzstécker ënner d'Gelenker geluecht ginn. Méi spéit gouf et extra Virriichtungen, an déi de Verurteelte konnt agespaant ginn. Obwuel dat net geleefeg war, konnt de Schaarfriichter de Verurteelten nom Enn vum éischten Akt exekutéieren, andeems hie beim Gnodestouss op den Hals oder d'Häerz geziilt huet.

Am zweeten Akt ass de Kierper op en anert Rad geflecht ginn, wat duerch déi gebrache Glidder méiglech war, oder doru festgebonne ginn. Duerno ass dat Rad op engem Poul opgeriicht ginn an de Schaarfriichter konnt de Verurteelte käppen oder mat eppes erwiergen. Ënner dem Rad ass och e Feier ugefaange ginn oder et huet een de Geriederten einfach do dra geheit.

Op verschiddene Plaze sinn d'Schanken direkt um Rad mat enger Eisestaang futti geschloe ginn.

Well d'Läich no der Hiriichtung op dem Rad bliwwen an dem Verfall iwwerlooss ginn ass oder vun Déiere gefriess gouf, hat dës Form vu Bestrofung, änlech wéi déi antik Kräizegung, eng sakral Funktioun iwwer den Doud ewech: no dem deemolege Glawe konnt eng Persoun ouni Begriefnes net operstoen.

Wann de Geriederten nach lieweg vum Rad gefall ass oder d'Hiriichtung op soss eng Aart net geklappt huet, gouf dat als gëttlecht Agräifen interpretéiert.

D'Riederen an der lëtzebuergescher Literatur[änneren | Quelltext änneren]

An der lëtzebuergescher Literatur mécht de Michel Rodange a sengem Renert Allusioun un d'Riederen. Am drëtte Gesank schreift hien:

De Kinnek léisst eech roufen;
Dir sid him stoark verklot,
En hiërt eech gär selwer,
A wat dir doarzou sot.

Mä wann dir net gifft kommen,
Da gif äert Schlooss besat,
Dir giift geholt, gestrooft geen,
Mam Gaalgen a mam Rad.

D'Riederen an der Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Breaking wheels – Biller, Videoen oder Audiodateien