Riffelsee
Ausgesinn
|
| |
| Land | Schwäiz |
|---|---|
| Verwaltungseenheet | Zermatt |
| Länner um Uwänner | Schwäiz |
| Geographie | |
| Koordinaten |
45° 59’ 0.04’’ N 07° 45’ 43.57’’ O |
| Fläch | 0,0045 km² |
| Héicht. i. M. | 2.770 m |
|
| |

De Riffelsee ass e klenge Séi ouni Offloss, op enger Héicht vun 2.770 m, uewent der Schwäizer Uertschaft Zermatt, am Kanton Wallis.
E läit um Fouss vum Riffelhorn, ass ongeféier 50 x 100 m grouss a maximal 4 m déif, an et kënnt ee mat der Gornergratbahn dohinner.
En ass virun allem bekannt, well een, wa kee Wand ass an de Séi net gefruer ass, doran d'Ostwand vum Matterhorn gespigelt gesäit, wat e beléift Fotomotiv an der Schwäiz ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Riffelsee – Biller, Videoen an Audiodateien |
