Robert S. Dietz

Vu Wikipedia
Robert S. Dietz
Gebuer 14. September 1914
Gestuerwen 19. Mee 1995
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vum Illinois
Aktivitéit Geolog, Universitéitsprofesser, Geophysiker

De Robert Sinclair Dietz, gebuer de 14. September 1914 a gestuerwen den 19. Mee 1995 war en US-amerikanesche Geophysiker an Ozeanograph, dee bedeitend Undeeler un der Theorie vun de Plackentektonik hat.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Dietz war Professer fir Geologie an der Arizona State University. Hien an den Harry Hammond Hess hu Pionéieraarbecht bei der Erfuerschung vum Ozeanbuedem gemaach. Wärend hie bei der Scripps Institution of Oceanography beschäftegt war, huet hien d'Natur vun der Hawaii–Emperor-Ketten, déi aus der Hawaii-Midwayinseln-Ketten erausdréckt observéiert, an hat 1953 spekuléiert, datt eppes dës al vulkanesch Bierger no Norde wéi e Fërderband droe misst.

Spéider intresséiert hie sech fir Meteorittenaschléi a war den Éischten, deen d'Sudbury-Becken als Folleg vun engem Aschlag erkannt hat; an hat och weider Aschlagkrater entdeckt.

1988 krut hien Penrose Medail vun der Geological Society of America.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert S. Dietz: Earth, Sea, and Sky: Life and Times of a Journeyman Geologist. Annual Review of Earth and Planetary Science 22 (1994), 1–32.
  • Robert S. Dietz: In Defense of Drift. The Sciences, vol. 23, Nov.–Dec. 1983, p. 26.
  • Robert S. Dietz: Sudbury Structure as an Astrobleme. University of Chicago, 1964
  • Robert S. Dietz and scientific illustrator John C. Holden: Creation/Evolution Satiricon: Creationism Bashed. Winthrop, WA: Bookmaker, 1987