Robert Stolz
Ausgesinn
Robert Stolz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert Elisabeth Stolz |
Gebuer |
25. August 1880 Graz |
Gestuerwen |
27. Juni 1975 Berlin |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Dirigent, Komponist, Filmkomponist |
De Robert Stolz, gebuer de 25. August 1880 zu Graz a gestuerwen de 27. Juni 1975 zu Berlin, war en éisträichesche Komponist.
De Robert Stolz war Theaterkapellmeister zu Brünn, Mannheim a Wien. 1938 ass hien an Amerika emigréiert an 1946 koum en op Wien zeréck.
Hien huet méi wéi 60 Operette komponéiert. Hei sinn der just e puer opgezielt:
- "Wenn die kleinen Veilchen blühen" (1923)
- "Venus in Seide" (1932)
- "Frühling im Prater" (1949)
Des Weideren huet hien eng Rei Filmmuseke komponéiert. Ënner anerem:
- "Zwei Herzen im Dreivierteltakt" (1930)
- "Ich liebe alle Frauen" (1935)
- Die Deutschmeister (1955) vum Ernst Marischka mat der Romy Schneider an dem Hans Moser
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Robert Stolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |