Rolllued

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rollued)
Zwou Rolllueden

Eng Rolllued ass en Element fir e Lach an enger Mauer (Fënster oder Dier) zouzemaachen. Meescht ass dat Lach schonn zou (z. B. mat Glas), an d'Rolllued verstäerkt deen Ofschloss nëmmen. Si setzt sech aus ville klengen horizontale Läischten zesummen, déi uneneen hänken an opgerullt kënne ginn. Eng Rolllued ka manuell oder automatesch (elektresch) eropgezunn an erofgelooss ginn.

Den Zweck vun enger Rolllued ass et, dat wat hanner hir ass, ze schützen (viru Kaméidi, Wäermt, Luucht, Abréch...).

Rollluede kënnen ënner anerem aus Aluminium, PVC oder Holz gemaach sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rolllueden – Biller, Videoen oder Audiodateien