Rommelsschnëtz
Ausgesinn

Rommelsschnëtz si kleng geschnidde Rommelen, déi als Fuddermëttel gebraucht ginn.
Si kënne frësch op der Plaz, do wou se gebraucht ginn, geschnidde ginn, kënnen awer och industriell geschnidden, gedréchent a sou preparéiert ginn, datt se sech iwwer eng laang Zäit halen. Déi industriell Schnëtz falen a grousse Quantitéite bei der Zockerproduktioun, als Offallprodukt vu gepressten Zockerrommelen, un.
Um Bauerenhaff ginn d'Rommelsschnëtz an der Rommelsmaschinn geschnidden. An der Industrie si se zum groussen Deel en Nieweprodukt vun de Rommelsschnëtzereien. Rommelsschnëtz enthalen Zocker a Réifaseren, a wéineg Fett oder Proteinnen.