Op den Inhalt sprangen

Roulette

Vu Wikipedia
Rouletterad
Den Asaz um Spillfeld
Franséisch Roulette
Spillfeld vun enger franséischer Roulette

Roulette ass e Glécksspill dat a Casinoe gespillt gëtt. Et gëtt zwou Varianten: d'franséisch Roulette an d'amerikanesch Roulette.

D'Spill besteet dodran, datt eng Bëmmelche vun engem Croupier an e Rouletterad gehäit gëtt, en niddregen Zylinder mat 37 Haisercher ronderëm, dee sech an entgéintgesater Richtung dréint. D'Haisercher sinn duerchernee vun 0 bis 36 nummeréiert. De Spiller wett drop, datt d'Bëmmelchen op eng bestëmmt Zuel fält, andeems en um Spillfeld säin Asaz, Chipen oder Stongen, déi e bestëmmte Wäert hunn, op déi Zuel (oder Zuelekombinatiounen) um Spilldësch setzt.

D'Amerikanesch Roulette huet zwee Haisercher mat enger Null (0 an 00), deemno der 38 am Ganzen.

Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, säin Asaz ze maachen: Et kann een op eng oder méi eenzel Zuele setzen. Wann déi Zuel oder eng vun deenen Zuele gewënnt da kritt een de Wäert vu sengem Chip 36-mol als Gewënn. Am anere Fall ass den Asaz verluer. Et gëtt och kombinéiert Asazméiglechkeeten, dann ass de Gewënn méi kleng:

NummPlaz um SpillfeldStéckzuel vun den Zuelen, op déi gewett gëttGewënn
(x-facht vum Asaz)
Remarken
Pleineng Zuel135
Chevalop der Grenz vun zwou Zuelen217
Transversalelénks oder riets vun 3 Zuelen311
Transversale simpleKombinatioun vun Transversale a Cheval65
Carréop der Grenz vu véier Zuelen48
Colonneum ënneschte Bord vun enger Kolonn122Et kann een och op d'Zuelen 1-12 (12P), 13-24 (12M) oder 25-36 (12D) wetten
Colonne à cheval241/2
Chance simplenoir oder rouge,
pair oder impair,
manque oder passe
181