Rurtalspär Schwammenauel
Rurtalspär Schwammenauel | |
---|---|
Loftopnam vun der Rurtalspär | |
Bauzäit: | 1. Ausbau: 1934 - 1938 2. Ausbau: 1955 - 1959 |
Héicht iwwer Dallsuel: | 69,50 m |
Héicht iwwer Grënnongssuel: | 77,20 m |
Héicht vun der Dammkroun: | 284,43 m |
Späicherkapazitéit (Mat Uewerséi): | 202,6 Mio. m³ |
Späicherkapazitéit (Ouni Uewerséi): | 181,8 Mio. m³ |
Normal Stauhéicht: | 280,50 - 281,50 m i. NN |
Waasseruewerfläch bei Vollstau: | 783 ha |
Dammvolumen: | 2.600.000 m³ |
Krounelängt: | 480 m |
Krounebreet: | 15 m |
Anzuchsgebidd: | 288,1 km² (ouni Urft an Olef) |
Héichwaasserdébit: | 450 m³/s |
D'Rurtalspär Schwammenauel ass an Nordrhein-Westfalen.
De Rurstauséi, deen zum Waasserverband Eifel-Rur gehéiert, ass no der Bleilochtalspär an Thüringen den zweetgréisste Stauséi an Däitschland.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Rurtalspär Schwammenauel ass an der Nord-Äiffel, tëscht Simmerath an Heimbach. De Rurstauséi ass wann e voll gestaut ass 24 km laang. E läit an dem 2004 gegrënnten Nationalpark Eifel.
Staudamm
[änneren | Quelltext änneren]De Staudamm, deen 1934 gebaut gouf, ass een opgeschottenen Damm aus Steng a Buedem. An der Mëtt huet en eng Lehmdichtung. E goung 1939 fir d'éischt a Betrib. Am Zweete Weltkrich goufen déi ënnescht Vidangeréier fir den Alliéierten d'Saach méi schwéier ze maachen, den 10. Februar 1945 gesprengt. No enger Vergréisserung 1955 gouf den Damm 1961 nach ëm 20 Meter gehéicht.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Peter Franke, Wolfgang Frey: Talsperren in der Bundesrepublik Deutschland. DNK - DVWK 1987, ISBN 3-926520-00-0
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Obersee (Rur) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Rursee – Biller, Videoen oder Audiodateien |