Sécherheetsventil

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schnëtt duerch e Sécherheetsventil mat der Drockfieder bannen
Schnëtt duerch e Sécherheetsventil mat der Drockfieder baussen

E Sécherheetsventil oder och nach Iwwerdrockventil gëtt gebraucht fir den Drock an engem Reservoir, Rouer oder an enger Chaudière automatesch z'iwwerwaachen, fir datt keen Iwwerdrock kann entstoen deen e Broch erbäiféiere kann.

Den einfache Prinzip vum Sécherheetsventil besteet doran datt d'eigentlecht Ventil an engem Drockgläichgewiicht gehale gëtt duerch den Drock deen am Kessel ass, an op der aner Säit doduerch datt um Ventil e Gewiicht läit, dat d'Ventil a sengem Sëtz festhält.

Wann de bannenzegen Drock méi héich gëtt wéi d'Mass vum Gewiicht ausmécht, da geet d'Ventil op, an den Iwwerdrock gëtt eraus gelooss.

Sou Ventiller kënnen duerch eng direkt Charge, Gewiichter oder Ressorte gesteiert ginn, oder duerch eng indirekt Charge. Bei der indirekter Charge dréckt een Hiewel, un deem Kontergewiichter hänken, op de Ventillekapp. Bei Ventiller mat Ressorte kann den Drock vum Ressort gewéinlech nach duerch eng Stellschrauf regléiert ginn.

Eng besonnesch Applikatioun vum Iwwerdrockventil fënnt een an Drockreegeleren oder a Gasdétendeuren.

Eng vun den einfachste Forme vu sou engem Ventil fënnt ee beim Kachgeschir, z. B. bei enger Cocotte minute.

Primitiv Formen, déi awer am Fong keng Ventiller sinn, kënne Stëpp oder Membrane sinn, déi bei Iwwerdrock einfach erausfléien oder räissen an déi duerno net méi automatesch kënnen zoumaachen.

Op de Biller riets niewendru gesäit ee Sécherheetventiller fir Waasserleitunge mat direkter Charge iwwer eng Drockfieder.

Fir datt Sécherheetsventiller effikass solle sinn, musse se scho bei engem klengen Iwwerdrock reagéieren. Bei engem Kessel dee fir en Drock vu 15 Bar gebaut ass, muss d'Ventil fir e liicht méi niddregen Drock berechent sinn an et muss da spéitstens bei engem Iwwerdrock vun 0,5 Bar opmaachen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sécherheetsventiller – Biller, Videoen oder Audiodateien