Sënn (Physiologie)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der physiologescher Perceptioun. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sënn. |
Als Sënn bezeechent ee bei engem Liewewiesen déi physiologesche Perceptioun vun der Ëmwelt mat engem Sënnesorgan.
Obwuel an e puer Kulturen traditionell fënnef mënschlech Sënner identifizéiert goufen (nämlech Kucken, Richen, Taaschten, Schmaachen an Héieren), ginn der haut vill weider unerkannt, wéi zum Beispill de Gläichgewiichtssënn oder d'Empfanne vu Péng. Déi vun net-mënschlechen Organismusse gebraucht Sënner sinn an hirer Diversitéit an Zuel souguer nach méi grouss.
Beim Empfanne vun de Sënner huelen d'Sënnesorganer verschidde Reizer, wéi zum Beispill e Geräisch oder e Geroch op, a wandele s'an eng Form ëm, déi vum Gehier verstane ka ginn. Dat ass fir bal all Aspekt vun der Perceptioun, dem Behuelen an dem Denke vun engem Organismus vu grondleeënder Bedeitung.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sënner – Biller, Videoen oder Audiodateien |