Saalekaskad

Vu Wikipedia

D'Saalekaskad besteet aus fënnef Talspären a Waasserkraaftwierker um ieweschte Laf vun der Saale. Si sinn haaptsächlech do fir Stroum ze maachen, si déngen awer och fir Héichwaasser opzefänken, an als Erhuelungsgebitt. Déi ganz Kaskade ass 80 km laang an huet een Héichtenënnerscheed vun 170 m.

Si besteet aus véier Pompelspéicherwierker (PSW), an all Talspär ass selwer ee Späicherwierk. Déi ganz Anlag gehéiert der Vattenfall Europe Generation AG (VEAG) an ass no dem Schluchséiwierk deen zweegréissten Zesummeschloss vu Waasserkraaftwierker an Däitschland.

Si besteet aus follgende Staustufen:

Dozou gehéiere nach:

  • Talspär Wisenta op der Wisenta (Ieweschte Baseng vum PSW Wisenta)
  • Ieweschte Baseng Hohenwarte II, ee Baseng ouni natierlechen Zufloss (Ieweschte Baseng vum PSW Hohenwarte II)

Technesch Date vun de Pompelspäicherwierker[änneren | Quelltext änneren]

  • PSW Bleiloch: 2 Francis-Turbinnen, 80 MW, max. Falhéicht 58,5 m, gebaut 1932
  • PSW Hohenwarte I: 2 Francis-Turbinnen, 63 MW, max. Falhéicht 67,9 m, gebaut 1936-1942, fäerdeg ginn 1959
  • PSW Hohenwarte II: 8 Francis-Turbinnen, max. Falhéicht 314,5 m, 320 MW, gebaut 1956-1963, fäerdeg ginn 1966
  • PSW Wisenta: 3,8 MW, gebaut 1933-1934