Saint Seiya

Vu Wikipedia
Saint Seiya
Land Japan
Sprooch Japanesch
Auteur Masami Kurumada
Band duerno Saint Seiya: Next Dimension


Saint Seiya (Japanesch: 聖闘士セイント星セイ矢 "Seinto Seiya"ヤ) , och bekannt als The Knights of the Zodiac, ass eng Mangasserie, déi vum Masami Kurumada[1] geschriwwen a illustréiert gouf. Se gouf vum 3. Dezember 1985 am Shūkan Shōnen Jump Magazin vum Shūeisha Verlag publizéiert, bis den 12. Dezember 1990, wou s'am V Jump Magazin erauskoum. D'Mangasserie gouf spéiderhin fir eng animéiert Serie vun 114 Episoden adaptéiert. Et goufen och fënnef animéiert Filmer an ee computeraniméierte Film produzéiert.[2]

108 Kapitele vu Mangae goufen zesumme mat enger spezieller Editioun publizéiert, am Ganzen 109, an 28 Bänn mat dräi Haaptsagaen: Sanctuary, Poseidon an Hades.[3]

D'Serie konzentréiert sech op eng Grupp vu jonke Kricher, déi “Ritter" genannt ginn (oder "Helleger"). Deenen hir Haaptprotagonist ass de Seiya (e Ritter, deen d'Rüstung vum Pegasus huet). Dës Kämpfer kämpfen op der Säit vun der griichescher Gëttin Athena, reinkarnéiert am mënschleche Saori Kido, fir d'Mënschheet géint déi béis Kräften déi d'Äerd dominéiere wëllen, ze schützen. Ënner anerem kämpfen si géint de Poseidon, de Gott vun de Mieren, esou wéi och géint den Hades, de Gott vun der Ënnerwelt. Fir hir Bataillë benotzt all Ritter seng ënnerlech Energie, déi verbonne mam Universum ass (de "Kosmos"), seng speziell Kampftechniken, a seng Rüstung, all inspiréiert vun engem vun den 88 Stärebiller.

Souwuel d'originell Mangaen wéi och d'Anime-Adaptatioun ware ganz erfollegräich a Japan an an europäesche Länner wéi Frankräich, Italien, Spuenien, Portugal, an an de meeschte latäinamerikanesche Länner. Den Anime gouf eréischt 2003 op Englesch iwwersat an ass an den USA koum.[4]

An engem Ranking, deen a Japan online gemaach gouf an 2005 vun der Televisiounschaîne TV Asahi vun den 100 beschten Animen an der Geschicht verëffentlecht gouf, huet Saint Seiya déi 11. Plaz erreecht, an déi 13. an engem anere Ranking, deen 2006 gemaach gouf, déi 25. Plaz.[4]

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

De Manga konzentréiert sech op d'Weesekand Seiya, dee gezwonge gëtt an de Sanctuaire a Griicheland ze goen, fir dem Pegasus seng Rüstung aus Bronze ze kréien, eng Rüstung, déi vun den 88 Kämpfer vun der griichescher Gëttin Athena benotz gëtt.

Nodeem d'Kraaft vum Ritter erwächt ass, dat ass eng spirituell Essenz mam Numm Kosmos (déi mam Big Bang entstanen ass), gëtt de Seiya séier de Pegasus Ritter a kënnt zeréck a Japan fir seng eeler Schwëster ze fannen, déi am selwechten Dag verschwonnen ass, wéi hie sech op de Wee gemaach hat fir a Japan. D'Saori Kido - d'Enkelkand vum Mann, dee verantwortlech ass fir d'Weesekanner a verschidde Länner geschéckt ze hunn fir ze Trainéieren - huet en Deal mam Seiya gemaach. Hat freet de Seiya fir un engem Tournoi matzemaachen,de Galaktesche Krich, , wou de Gewënner d'gëlle Rüstung vu Sagittarius kritt. De Deal war datt wann de Seiya den Tournoi gewonnen huet, d'Saori hie hëllefe géif mat der Sich no senger Schwëster.

Den Tournoi gëtt vum Phönix Ritter Ikki ënnerbrach - dee probéiert d'Leit ze eliminéieren, déi hien zum Training gezwongen hunn – Andeems hien Deeler vun der Sagittarius Rüstung klaut an och d'Bronze Ritteren (Seiya, Shun, Shiryu an Hyoga) konfrontéiert. No hirer Victoire géint den Ikki, ginn d'Bronze Ritter vun de Sëlwer Ritter ugegraff, déi geschéckt gi si fir se ze eliminéieren. Wärend de Kampf entdecken d'Bronze Ritter datt Saori d'Reinkarnatioun vun Athena ass an dat ee probéiert huet, hatt als Puppelchen ëmzebréngen. De fréiere Sagittarius Ritter, Aioros, hat d'Saori gerett, ass awer duerno ëmbruecht ginn. Éier hie stierft, gëtt hien d'Saori un e Mann, deen ab dee Moment säi Stéifpapp gëtt. Fir Saori z'ënnerstëtzen, maache sech d'Ritter op de Wee fir an de Sanctuaire zu Athen, wou sech de Grousse Meeschter befënnt, deen d'Saori ëmbrénge well. Virun hirer Arrivée gëtt d'Saori awer vun engem spezielle Feil aus dem Schlag vun engem vun de Ritter deen do war schwéier blesséiert. Duerfir maache sech d'Ritter op d'Sich nom Grousse Meeschter, well se gleewen, datt hien den eenzegen ass, deen hat heele kann. Ënnerwee musse si awer d'Ritter aus Gold konfrontéieren, déi vill méi staark sinn. No e puer Schluechte kënnt de Seiya an den Tempel vum Grousse Meeschter an entdeckt, datt hien de Ritter vum Zwillings Stärebild, de Saga ass. Hien hat an der Sich no Muecht de fréiere Grousse Meeschter, de Shion, mat enger Iwwerraschungs Attack ëmbruecht huet.

De Saga, Ritter vum Zwilling Stärebild, gëtt vu senge zwee Gesiichter geformt, d'Gesiicht vu Gutt a Béis. Wärend senger Zäit als Meeschter vum Sanctuaire huet dat béis Gesiicht dat Gutt dominéiert. Mat der Hëllef vum Kosmos vu senge Frënn wënnt de Seiya géint se Saga an heelt och domat d'Saori.

E Mount ass zënter der grousser Schluecht vun den zwielef Haiser vergaangen an d'Saori hëlt rem Obligatiounen an der Administratioun vum Verméige vum Mitsumasa Kido op. Aus deem Grond ass hat op der Party vum 16. Gebuertsdag vum Julian Solo, deen d'Ierwe vun der Famill vun de maritimme Händler ass an deem seng Famill och gutt Frënn vum Saori sengem Grousspapp war. An der Mëtt vun der Partei probéiert de Julian d'Saori ze bestueden, awer hat refuséiert seng Propose. Déi selwecht Nuecht huet e Mann an enger Rüstung d'Saori entfouert a wéi hie flüchte wollt, huet den Aioria, e gëllene Ritter, hien ofgefaangen an ëmbruecht.

Wéi den Aioria virausgesot hat, war dëst deen éischte Versuch vun engem neie Feind. De Julian, nodeems d'Saori hie verléisst, bemierkt komesch Geräischer a geet kucke, wat et ass wéi hien op eemol en Trident gesäit, dee stänneg blénkt. Da gesäit hien eng Fra, déi him erzielt datt dat de Trident vum Poseidon ass deen am Julian sengem Kierper reinkarnéiert ass. De Julian gleeft als éischt d'Geschicht net, awer direkt nodeems béid an d'Mier sprangen a kuerz nodeems de Julian an engem Tempel vum Poseidon erwächt, ass hie vun der Geschicht iwwerzeegt. Kuerz daucht eng Serie vu katastrophal Iwwerschwemmungen op. D'Saori probéiert den Urspronk vum Phänomen z'ënnersichen, awer kuerz dorop gesäit si d'Fra, déi mam Julian an d'Mier gespronge war. Säin Numm ass Thetis. Hat erkläert dem Saori, datt de Gott vun de Mierer, de Poseidon zeréck an d'Liewe komm ass, seng rechtméisseg Plaz geholl huet an him de Krich erkläert.

Haaptpersonagen[änneren | Quelltext änneren]

Seiya[änneren | Quelltext änneren]

De Seiya ass den Haaptprotagonist vun der Saint Seiya Manga, geschriwwen a illustréiert vum Masami Kurumada. De Seiya ass ee vun den aachtanachzeg mythesche Kämpfer, déi hir Gëttin duerch all Zäit zerwéiert hunn, fir Gerechtegkeet a Fridden op der Äerd ze schützen. Hien ass och ee vun de véierzeg-aacht Bronze Ritter a gëtt vun der Pegasus Konstellatioun geschützt.

De Seiya a seng Schwëster Seika ware béid Weesekanner déi an engem Weesenheem gewunnt hunn. Sechs Joer virum Ufank vun der Serie gouf de Seiya vu senger Schwëster getrennt fir a Griicheland ze trainéieren.

Shiryu[änneren | Quelltext änneren]

De Shiryu ass e Bronze Ritter vun der Draache Konstellatioun. Hie gëtt als dee räifste vun de fënnef Helden gesinn. Als Bronze Ritter vun der Draache Konstellatioun, huet de Shiryu d'Rüstung vum Draach, e Bijou tëscht de Rüstungen wéinst senge legendären Verdeedegungscapacitéiten.

Hyoga[änneren | Quelltext änneren]

Den Hyōga ass eng vun den Haaptfiguren aus der Serie. Hyōga erschéngt roueg an net emotional. Ënner der Uewerfläch ass hien awer leidenschaftlech an ass fir seng Idealer bekannt. Als Ritter vum dem Stärebild Cygnus , kann de Hyōga Äis a Schnéi kontrolléieren a manipuléieren, well hien d'Grondlage vun der Technik vum Äis beherrscht an d'Atomer ka stoppen, sou datt se fréieren.

Shun[änneren | Quelltext änneren]

De Shun ass ee vun de Bronze Ritteren. Hien ass ee vun de Stäerksten an der Serie, obwuel seng sanft Manéier verhënnert datt hie seng richteg Kraaft benotzt, ausser hien ass forcéiert. De Shun ass och de jéngere Brudder vum Ikki.

Ikki[änneren | Quelltext änneren]

Den Ikki ass de Bronze Ritter vum Phönix. Och wa hie spéider als déi aner véier Haaptritteren aus Bronze agefouert gouf, ass dem Ikki seng Roll an der Geschicht zimmlech bedeitend. Hien ass deen éischten Antagonist an der Serie, déi déi aner Ritter musse besigen, an e mächtegen Alliéierten méi spéit an der Serie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. VIZ Media . products. archive.is (2006-10-18). Gekuckt de(n) 2019-12-24.
  2. Film Review: Saint Seiya: Legend of Sanctuary. Variety (2014-07-03). Gekuckt de(n) 2019-12-24.
  3. Viz (24 Dezember 2019). Gekuckt de(n) 24 Dezember 2019.
  4. 4,0 4,1 Knights of the Zodiac on Cartoon Network. Anime News Network. Gekuckt de(n) 2019-12-24.