Salman ibn Abd al-Aziz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Salman ibn Abd al-Aziz (2013).

De Salman ibn Abd al-Aziz Al Saud (Arabesch: سلمان بن عبد العزيز آل سعو) , gebuer den 31. Dezember 1935 zu Riad, ass zënter dem 23. Januar 2015 absolutistesche Kinnek a Premierminister vu Saudi-Arabien. Doduerch ass hien och de Commandant-en-chef vum saudesche Militär.

Hien ass den 32. Jong vum Staatsgrënner, dem Abd al-Aziz ibn Saud. Seng Mamm ass d'Prinzessin Huzza Bint Ahmed Bin Mohammed Al-Sudairi. Hie selwer huet, aus dräi Bestietnisser, eng Duechter an zwielef Jongen. Säi Jong Sultan war 1985 deen éischte Saudi am Weltraum.

Hie war vun 1962 bis ier e Kinnek gouf Gouverneur vun der Provënz Riad. De 5. November 2011 gouf hie Verdeedegungsminister, an den 18. Juni 2012 zousätzlech Krounprënz a Vizepremier. Den 23. Januar 2015 gouf hien, nom Doud vu sengem Hallefbrudder Abdullah, zum Kinnek vu Saudi-Arabein ernannt.

Säin designéierten Nofolger ass de Krounprënz Muqrin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Salman ibn Abd al-Aziz – Biller, Videoen oder Audiodateien