Salto Ángel

Vu Wikipedia
De Salto Ángel

De Salto Ángel ass mat 979 m Falhéicht (gréissten Eenzeltrepplek 805 m) deen héchste fräifalende Waasserfall vun der Äerd. E läit am Südoste vu Venezuela a gouf no sengem Erëmentdecker Jimmie Angel benannt.

Als éischten entdeckt hat en de Venezolaner Ernesto Sánchez la Cruz am Joer 1910, mee eréischt 1933 gouf e bekannt nodeems datt den US-amerikanesche Buschpilot Jimmie Angel och drop getoopt ass.

Den Angel war op der Sich no Gold wéi en de 16. November 1933 dem Canyon vum Río Churún nogeflunn ass, an dunn de gewaltege Waasserfall vu bal engem Kilometer Héicht fonnt huet. Uganks gouf ëm net vu jidderengem gegleeft. D'Zweifel ausgeraumt huet en zwee Joer méi spéit, wéi en zesumme mat engem Wëssenschaftler a senger zweeter Fra eng Landung um Héichplateau vum Waasserfall gewot huet. Dobäi huet säi Fliger sech awer esou déif an de Buedem gebuert datt en en net méi fräi krut an déi kleng Grupp e kéngen Ofstig an den Dschungel huet misse woen, dee ganzer 11 Deeg gedauert huet a se bal d'Liewe kascht hätt.

Duerno huet sech de Waasserfall zur Touristenattraktioun entwéckelt, mee och haut ass e just ganz beschwéiert z'erreechen. Als éischt geet et mam Fliger an d'Lagun Canaima, an duerno een Dag laang mam Boot de Rio Churún erop.

Den 21. Dezember 2009 wollt den deemolege venezolanesche President Hugo Chávez dem Waasserfall nees säin ursprénglechen indianeschen Numm Kerepakupai Merú zeréckginn. En huet seng Initiativ awer schlussendlech net an e Gesetz gegoss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Salto Angel – Biller, Videoen oder Audiodateien