Samuel Taylor Coleridge

Vu Wikipedia
Samuel Taylor Coleridge
Gebuer 21. Oktober 1772
Gestuerwen 25. Juli 1834
London
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Dichter, Philosoph, Theolog, Literaturkritiker, Kritiker, Schrëftsteller
Member vun Royal Society of Literature

De Samuel Taylor Coleridge, gebuer den 21. Oktober 1772 zu Ottery St. Mary, Devon, England a gestuerwen de 25. Juli 1834 zu Highgate, Middlesex, England, war en engleschen Dichter, Literaturkritiker a Philosoph.

Zesumme mat sengem Frënd William Wordsworth huet hien d'Romantik an England agefouert, an hie war e Member vun de Lake Poets. Zu senge bekanntste Gedichter zielen The Rime of the Ancient Mariner a Kubla Khan, an och säi Prosawierk Biographia Literaria ass wäit bekannt.

Seng Literaturkritiken, besonnesch iwwer de Shakespeare, haten e groussen Afloss, an hien huet dozou bäigedroen, déi däitsch idealistesch Philosophie am engleschsproochege Raum bekannt ze maachen.

Vill haut geleefeg Ausdréck a Phraseologië si vun him, dorënner d'suspension of disbelief (d. h. déi bewosst Akzeptanz vu Saachen, déi net méiglech sinn, fir eng Erzielung besser kënnen z'appreciéieren).

De Coleridge war säi Liewe laang mat Ängschten an Depressioune geplot, an och allgemenge Gesondheetsproblemer. Dës huet e mat Laudanum behandelt, soudatt en Opium-ofhängeg gouf.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • The Fall of Robespierre, 1794, zesumme mam Robert Southey
  • Poems on Various Subjects, 1796
  • The Watchman (politesch Zäitschrëft), 1797
  • Lyrical Ballads (zesumme mam William Wordsworth), 1798, darunter:
The Rime of the Ancient Mariner (Ballad)
  • Dejection: An Ode, 1802
  • The Friend, 1809-10
  • Remorse (Tragedie), 1813
  • Christabel; Kubla Khan, a Vision; The Pains of Sleep, 1816
  • Biographia Literaria, 1817
  • Sibylline Leaves (gesammelt Gedichter), 1817
  • Aids to Reflection, 1825
  • Poetical Works, 1828
  • On the Constitution of the Church and State, 1829
  • Table Talk, 1836 (posthum)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans Werner Breunig: Verstand und Einbildungskraft in der englischen Romantik. S. T. Coleridge als Kulminationspunkt seiner Zeit. Lit, Münster u. a. 2002, ISBN 3-8258-6244-5
  • Antonia S. Byatt: Unruly Times. Wordsworth and Coleridge in their Time. Hogarth, London 1989, ISBN 0-7012-0857-0
  • Norman Fruman: Coleridge, the Damaged Archangel. Allen and Unwin, London, 1971
  • Richard Holmes: Coleridge. Early Visions. Viking Penguin, New York 1990, duerno bei HarperCollins, ISBN 0-375-70540-6 (Biographie, 1. Deel)
  • Richard Holmes: Coleridge. Darker Reflections. HarperCollins, London 1997, ISBN 0-375-70838-3 (Biographie, 2. Deel)
  • Molly Lefebure: Samuel Taylor Coleridge. A Bondage of Opium. Gollancz, London, 1974, ISBN 0-575-01731-7
  • Molly Lefebure: The Bondage of Love - A Life of Mrs Samuel Taylor Coleridge, London: Victor Gollancz, 1986, ISBN 0-575-03871-3
  • John Livingston Lowes: The Road to Xanadu. A Study in the Ways of the Imagination. Houghton Mifflin, Boston 1927
  • [Stephen Weissman: His Brother's Keeper. A Psychobiography of Samuel Taylor Coleridge. Madison, CT 1989, ISBN 0-8236-2342-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Samuel Taylor Coleridge – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Samuel Taylor Coleridge – Zitater
Wikisource: Samuel Taylor Coleridge – Quellentexter