Op den Inhalt sprangen

Santa Lucia Stroncone-Observatoire

Vu Wikipedia
Santa Lucia Stroncone-Observatoire
Typ astronomeschen Observatoire
MPC-Code 589
Opgaangen 1989
Websäit http://www.mpc589.com/
Instrumenter
Teleskopen 500-mm-Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop
Geographesch Situatioun
Land Italien
Regioun/Gemeng Stroncone
Koordinaten 42°31'8"N, 12°38'37"O
Héicht 350 m

De Santa Lucia Stroncone-Observatoire (Osservatorio Astrometrico Santa Lucia Stroncone) ass en astronomeschen Observatoire zu Stroncone an der Regioun Umbrien, ronn 6 km südlech vun der Stad Terni.

Den Observatoire läit op enger Héicht vun 350 m. En huet, nieft klengen Teleskopen, e 500-mm-Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop, an hëlleft haaptsächlech bei der Entdeckung vun Asteroiden. Am Zäitraum vun 1993 bis 1999 goufe 54 Asteroiden entdeckt[1].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Minor Planet Discoverers