Schütze

Vu Wikipedia
Ofzeechen am Zweete Weltkrich
Ofzeechen hautdesdaags

Schütze ass dat däitscht Wuert fir Schëtz. Ursprénglech gouf et benotzt fir Bouschëtzen, am Éischte Weltkrich war et dunn deen ënneschsten Déngschtgrad an den däitsche Maschinnegewier-Unitéiten. Am Zweete Weltkrich gouf et deen Déngschtgrad och bei der Waffen-SS. Hautdesdaags ass et ëmmer nach deen ënneschtsten Déngschtgrad an den däitsche Sträitkräften, mam Nato Code OR-1.

No dräi Méint gëtt e Schütze am Reegelfall Gefreiter.

Den Déngschtgrad gëtt et tel quel ënner deem Numm bei den däitsche Ravitaillements-, Feldjeeër-, ABC-Ofwier-, Opklärungs- a Maintenancetruppen. Déi meescht Truppegattunge vun der Bundeswehr gebrauchen awer en aneren Numm fir dësen Déngschtgrad, z. B. Panzergrenadier (Panzergrenadiertruppen), Funker (Kommunikatiounstruppen), Flieger (Loftwaff) oder Matrose (Marinn).