Schabloun:AVDW S41
De Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst (an Originalschreifweis: Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt) ass eng Fabel vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange, déi 1872 fir d'éischt erauskoum.
De Renert ass eng Déierefabel, déi um Johann Wolfgang von Goethe sengem Reinecke Fuchs baséiert. Virdergrënneg geet et ëm d'Geschicht vum Fuuss Renert, deen déi aner Déiere veruuzt (och alt der doutmécht), dofir e puermol viru Geriicht gestallt gëtt, zum Schluss awer vum Kinnek, dee sech och vum Fuuss ëmgaachele léisst, geadelt gëtt. Mä d'Geschicht ass just de "Virwand", fir d'gesellschaftlech a politesch Zoustänn satiresch ze beschreiwen oder ze parodéieren: Wéi Lëtzebuerg, am Kader vun der Lëtzebuerg-Kris, bal vun engem vu sengen Nopere geschléckt gouf an d'Industriebesëtzer (déi bal all och gläichzäiteg Politiker waren) zerstridden hunn, wou s'am beschten ewechkéimen; d'Hypokrisie vun der deemools nach allmächteger kathoulescher Kierch, z. B. an der Affär vum Paschtouer vu Maarnech, engem sou gutt et goung vertuschte Pedophilieskandal, a wéi déi einfach Leit (duergestallt duerch kleng Déieren - Mais, Vigel, och alt Schof) ëmmer nees déi Domm dobäi waren.
Well vill Bierger an och d'Kierch sech getrëppelt gefillt hunn, gouf d'Buch laang doutgeschwigen an souguer zenséiert. Haut awer gëtt de Renert als dat gréisst Stéck Literatur a Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Joerhonnert ugesinn... > méi