Schabloun:Op engem 8. Dezember
Ausgesinn
- 65 v. Chr.: De réimeschen Dichter Horaz kënnt op d'Welt.
- 1861: De franséische Sculpteur a Moler Aristide Maillol gëtt gebuer.
- 1861: Gebuert vum franséische Filmpionéier Georges Méliès.
- 1864: Déi franséisch Sculptrice Camille Claudel kënnt op d'Welt.
- 1865: De finnesche Komponist Jean Sibelius gëtt gebuer.
- 1869: Déi bis ewell déifst Temperatur an der Geschicht vun der Meteorologie zu Lëtzebuerg gëtt gemooss: -18 °C.
- 1923: Gebuert vum lëtzebuergesche Komponist a Museker Jempi Kemmer.
- 1932: De lëtzebuergesche Cyclist an Tour-de-France-Gewënner Charly Gaul gëtt gebuer.