Camille Claudel

Vu Wikipedia
Camille Claudel
Portrait, virun 1883
Gebuer 8. Dezember 1864
Fère-en-Tardenois
Gestuerwen 19. Oktober 1943
Montfavet
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Académie Colarossi
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Bauzeechner, Graphiker, Kënschtler
Famill
Liewenspartner(in) Auguste Rodin
Geschwëster Paul Claudel

D'Camille Anastasia Kendall Maria Nicola Claudel, gebuer den 8. Dezember 1864 zu Fère-en-Tardenois am Departement Aisne a gestuerwen den 19. Oktober 1943 zu Montdevergues am Departement Vaucluse, war eng franséisch Sculptrice a Molerin.

Si huet sech scho fréi fir Skulptur intresséiert an ass dofir mat 16 Joer op déi privat Académie Colarossi gaangen, eng vun de wéinege Konschtschoulen, wou och Fraen zougelooss waren. Si huet zesumme mat anere Konschtstudentinnen en Atelier opgemaach. 1883 huet si de Sculpteur Auguste Rodin kenne geléiert, dee 24 Joer méi al war, an deen hir, nodeems se mat Succès 1885 eng éischt Ausstellung hat, proposéiert huet, a sengem Atelier ze schaffen.

Déi zwee haten duerno eng stiermesch Relatioun, mat vill Gestreits, Gefillsausbréch a -schwankungen. Si hat géint 1888/89 bis 1891 och eng kuerz Affär mam Claude Debussy. 1892 huet si dem Rodin säin Atelier nees fir zerguttst verlooss an 1893 hir Relatioun mat him ofgebrach, wat s'awer schwéier matgeholl huet. Si ass e puermol geplënnert, an huet zulescht um Quai Bourbon 19 gewunnt, oder besser gehaust. Eng psychesch Krankheet déi zu hirer Zäit als Paranoia bezeechent gouf, huet sech ëmmer méi staark bemierkbar gemaach. Dacks huet si hir Wierker, déi s'iwwer d'Joer geschaf huet, futtigeschloen. Si gouf paranoid an huet dem Rodin virgeworf, si ze plagiéieren.

1913, nom Doud vun hirem Papp, dee se trotz allem ënnerstëtzt hat, hunn hir Mamm an hire Brudder se géint hire Wëllen an d'psychiatresch Klinick Ville-Évrard uweise gelooss. 1914 koum s'op Montdevergues (Departement Vaucluse) wou se no bal 30 Joer, praktesch vergiess, gestuerwen ass.

Sir war d'Sëschter vum Schrëftsteller Paul Claudel.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Am Musée Rodin gëtt et ee Sall, wou vill vun hire Wierker ausgestallt sinn:

  • L'Abandon (bronze)
  • L'Âge mûr (Gips, duerno Bronze)[1]
  • Buste de Rodin (Gips, duerno Bronze)
  • Les Causeuses (am Gips, am Onyx an a Bronze)[2]
  • Clotho (Gips)[3]
  • L'Implorante (Reduktioun, Bronze)
  • Jeune femme aux yeux clos (Lehm ?)
  • La Jeune Fille à la gerbe (Terracotta)
  • La Niobide blessée (Bronze)
  • Paul Claudel à trente-sept ans (Bronze)
  • Pensée (Marber)
  • La Petite Châtelaine (Marber)
  • Profonde Pensée (Bronze)
  • Profonde Pensée (Marber)
  • Sakountala (Lehm, getéitscht)
  • La Vague (Onyx a Bronze)[4]
  • La Valse (Bronze)
  • Vertumne et Pomone (Marber)[5]

Am Musée d'Orsay zu Parâis sinn:

  • L'Âge mûr (Bronze)
  • Torse de Clotho (Gips)

Am Palais des beaux-arts vu Lille:

  • Louise Claudel, buste en terre cuite, 45 × 22 × 25 cm, 1885
  • Giganti, tête en bronze, 32 × 26 × 27 cm, 1885

Am Musée Sainte-Croix vu Poitiers:

  • Niobide blessée, Bronze
  • Jeune femme aux yeux clos, Buste aus Terracotta

Am Musée Dubois-Boucher zu Nogent-sur-Seine (Aube)

  • Persée et la Gorgone

Am Musée La Piscine vu Roubaix:

  • La petite Châtelaine, Marbersbüst, 1896

Am musée Calvet vun Avignon (Vaucluse)

  • Buste de Paul Claudel en jeune romain[6]

Am Musée d'art de Toulon (Var)

  • Mon frère en jeune romain (Bronze)

Am Musée Albert-André de Bagnols-sur-Cèze (Gard)

  • L'Implorante (bronze)

Am Musée Bertrand vu Châteauroux (Indre)

  • Sakountala (Gipsstatu (mutilléiert))

Am Musée Pierre André Benoit vun Alès (Gard)

  • Étude pous l'Hamadryade (Bronze)

Adaptiounen[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Liewe gouf 1988 vum Bruno Nuytten, mat der Isabelle Adjani an der Haaptroll, an dem Gérard Depardieu als Rodin, ënner dem Titel Camille Claudel verfilmt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Delbeé: Une femme, Paris, Presses de la Renaissance, 1982.
  • Anne Rivière, L'Interdite. Camille Claudel 1864 - 1943, Paris, Éditions Tierce, 1983.
  • Jacques Cassar, Dossier Camille Claudel, (lettres, documents, articles de presse parus à son époque), Paris, Librairie Séguier/Archimbaud, 1987.
  • Hélène Pinet et Reine-Marie Paris, Camille Claudel, le génie est comme un miroir, Paris, Gallimard, 2003.
  • Antoinette Lenormand-Romain, Camille Claudel et Rodin: la rencontre de deux destins, Paris, Hazan, 2005.
  • Dominique Bona, Camille et Paul: la passion Claudel, Paris, Grasset, 2006 ISBN 2246706610.
  • Renate Flagmeier: Studien zum Werk der Camille Claudel und anderer Künstler aus dem Umkreis des Auguste Rodin. Magisterarbeit an der Freien Universität Berlin 1984.
  • Hans-Dieter Mück (Hg.): Camille Claudel 1864–1943. Das Lehrwerk der ersten großen europäischen Bildhauerin. Skulpturen und Zeichnungen. Zur Ausstellung in der Kunsthalle Rostock, 20. Januar bis 1. April 2007. Kunsthalle Rostock 2007, ISBN 3-935144-16-4.
  • Barbara Krause: Camille Claudel. Ein Leben in Stein. Neues Leben, Berlin 1990, ISBN 3-355-01042-1,
  • Reine-Marie Paris: Camille Claudel 1864– 1943. S. Fischer, Frankfurtam Main 2007, ISBN 978-3-10-059003-9
  • Josef A. Schmoll: Rodin und Camille Claudel. Prestel, München u. a. 2000, ISBN 3-7913-2450-0
  • Odile Ayral-Clause, Camille Claudel: sa vie, Paris, Hazan, 2008.
  • Pablo Jimenez Burillo et coll., Camille Claudel 1864-1943, Paris, Gallimard, 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Camille Claudel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. L'âge mûr op der Websäit vum Musée Rodin.
  2. Les Causeuses op der Websäit vum Musée Rodin.
  3. Clotho op der Websäit vum Musée Rodin.
  4. La Vague op der Websäit vum Musée Rodin.
  5. Vertumne et Pomone op der Websäit vum Musée Rodin.
  6. op der Websäit vum Musée Calvet