Schabloun:WDS 15. Oktober
Ausgesinn
- ...déi gréisst lieweg Hai-Aart, de Walhai, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu Plankton erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?
- ... de Film Autobahnraser op der Lëtzebuerger A13 gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?
- … op den 2-Euro-Gedenkmënzen de Grand-Duc Henri bis Enn 2020 a 28 verschiddenen Designen ze gesinn ass?
- … an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg eng 6 Millioune Fotoen an Negativer vun 1855 bis haut iwwer d'Stad Lëtzebuerg versuergt ginn?
- ... de Salar de Uyuni mat enger Fläch vun 10.582 km² déi gréisste Salzwüst op der Welt ass?