Salar de Uyuni

Vu Wikipedia
De Slar de Uyuni

De Salar de Uyuni (och Salar de Tunupa) am Südweste vu Bolivien ass mat 10.582 Quadrat­kilometer déi gréisst Salzpan vun der Welt. D'Salzkuuscht ass virun iwwer 10.000 Joer entstanen, wéi de Paleoséi Tauca ausgedréchent ass.

E läit op enger Héicht vun 3.653 m a gehéiert zu de Landschafte vum Altiplano.

Wärend der Reeperiod (éischt Halllschecht am Joer) kann d'Salzkuuscht lokal mat e puer Dezimeter Waasser bedeckt sinn, de Rescht vum Joer ass de Salar dréchen.

Am Séi ass eng Insel, Incahuasi genannt (op Quechua heescht dat Haus vum Inka), déi bekannt ass fir hir meterhéich a bis zu 1.200 Joer al Sailekakteen. Eng aner Insel ass d' Isla del Pescado.

Et gëtt geschat, datt ongeféier zéng Milliarden Tonnen Salz do leien. All Joer ginn dovun eng 25.000 Tonnen ofgebaut.

Am Salzséi vun Uyuni ass och dat gréisste Virkomme vu Lithium op der Welt (geschate 5,4 Millionen Tonnen).

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Panorama vum Salar de Uyuni
Panorama vum Salar de Uyuni


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Salar de Uyuni – Biller, Videoen oder Audiodateien