Schabloun:WDS 19. Januar B

Vu Wikipedia
  • ... de Quartier Belair an der Stad Lëtzebuerg bis den Ufank vum 20. Joerhonnert Dauwefeld, an dono Neimäerel genannt gouf, ier en 1957 säin haitegen Numm krut?
  • ... de Streisand-Effekt no der Schauspillerin a Sängerin Barbra Streisand genannt gouf, déi eng Foto am Internet läsche loosse wollt, well dodrop (ë. a.) hiert Haus ze gesi war?
  • ... d'Baldwin Street an Neiséiland, mat engem Gefäll vu bis zu 35 %, als déi géist Strooss op der Welt gëllt?
  • ... ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Our-Stauséi en Deel vun der Uertschaft Biwels huet missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn?