Schabloun Diskussioun:AutonomGemeinschaftSpuenien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Nationalfeierdag" fir "Fiesta oficial" (sp-Wikipedia), fannen ech net ganz glëcklech fir en Dag deen nëmmen an enger Autonomer Gemeinschaft geféiert gëtt.

Wéi kéint een dat anescht schreiwen? "Offiziellt Fest" ?--Fliedermaus 10:37, 21. Mäe 2008 (UTC)

Do hues du scho Recht. Nationalfeierdag heescht iwwersat fiesta national. Fir Fiesta oficial gëtt et keng regelrecht Iwwersetzung. Ech giff Regionale Feierdag gudd fannen. Soss een eng Meenung? --Alexandra 13:54, 21. Mäe 2008 (UTC)

Moien,

Well et de Feierdaag vun der Autonomer Gemeinschaft ass, géif ech enoch 'Feierdag vun der Autonomer Gemeinschaft nennen. Et bestëmmt nach aner regional Feierdeeg, déi näischt mat der Autonomer Gemeinschaft ze dinn hunn. Les Meloures 15:38, 21. Mäe 2008 (UTC)

An Offizielle Feierdag einfach? Et schéngt mir awer logesch, dass e vun der autonomer Gemeinschaft ass, well den Artikel jo doriwwer geet. --Alexandra 16:03, 21. Mäe 2008 (UTC)
Fir mech an der Rei Les Meloures 16:08, 21. Mäe 2008 (UTC)

Well et e "Feierdag vun der Autonomer Gemeinschaft" ass, nenne mer dat elo "Offizielle Feierdag". Dat anert wier och vill ze logesch, fäert de --Cornischong 16:26, 21. Mäe 2008 (UTC)

An der spuenescher Wiki heescht et fiesta official, da giff dat bei eis och klappen mat Offizielle Feierdag giff ech mengen. Mat Nationalfeierdag lueg ech donieft, dat stëmmt. Mä fiesta oficial ass iwwersat Offiziellt Fest. Well en awer fir Fiesta och Feierdag ka soen, war mäi Virschlag eben Offizielle Feierdag. Fir mech kann et och heeschen: "Feierdag vun der Autonomer Gemeinschaft" wann dat mat der Logik ebe besser soll klappen ... --Alexandra 16:35, 21. Mäe 2008 (UTC)