Schabloun Diskussioun:Iwwersat de

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hm, soll dat eis Responsabilitéit fir Falschinformatiounen am Artikel limitéieren, eise Lieser kloermaachen datt mer net amstand sinn en Artikel vun eis selwer ze schreiwen, oder just esoulaang an engem Artikel si bis datt een d'Iwwersetzung op Häerz an Niere gepréift huet? --Otets ♣ 09:37, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

A wann, da misst een net op en Datum mat enger weiderer Schabloun hiweisen, mee direkt de Link als zitéierfäeg Versioun (z.B. http://de.wikipedia.org/w/index.php?title=Malerei&oldid=50613088) dohisetzen. --Otets ♣ 09:48, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, Deng Commentairë beleeën, datt dat ganz manner evident ass, wéi ech geduecht hunn. Dofir vläit als Explicatioun: Dësen Text gëtt et a sëllechen Artikelen zB op franséisch, déi aus dem engleschen iwwersat sinn. Et ass deemno keng Erfindung vu mär. De Grond firwat ech déi Schabloun gezwafft hunn, ass, dass mer hei mat Sourcen bis ewell zimmlech 'labber' gefuer sinn. Eréischt zenter e puer Méint gëtt, vun deenen enge méi wéi vun deenen aneren, mat Foussnouten (oder am Kommentarfeld beim Eroplueden) beluet, wouhir een déi Informatioun huet. Ganz dervun ofgesinn, dass dat, wat fir Fotoe gëllt (Quell uginn) och fir Text de Fall ass, fannen ech, datt Quellenangaben et engem Lieser méi einfach maachen, ze jugéieren, wéi "seriö" en Text ze huelen ass. Ech mengen net, datt dat den Androck gëtt, "mir wieren net am Stand en Artikel selwer ze schreiwen", mee et sief, ee vun eis wier ausgewisene Spezialist vun engem Sezialgebitt, huet et kee Sënn, ze probéieren, d'Rad nei z'erfannen, wann et e gudden Artikel schonns gëtt. Dat ännert jo näischt drunn, dass een awer Spezifesches (z.B. "Molerei zu Lëtzebuerg" an de Artikel abaut.

Deng Propos, den "zitéierfäege" Link bäizesetzen ass gutt, ech wollt d'Schabloun net méi komplizéiert maachen, wéi néideg, wann dat iergendwéis (hallef)automatesch geet, dann tant mieux. Och d'Ausgesi vun der Schabloun kann een nach perfektionéieren (Këscht, méi kleng geschriwwen, e Bild derbäi, ...) --Zinneke 13:03, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Aplaz eng Schabloun kann ee jo beim Uleeë vum Artikel an d'Resumészeil den zitéierfäege Link setzen. Dat wier méi einfach, well soss kéim nach d'Fro op, vu wéini un een d'Schabloun gebrauche soll respektiv wéini ee genuch um Artikel verännert huet datt en näischt méi mat der auslännecher Basisversioun ze dinn huet. --Otets ♣ 14:33, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]