Schabloun Diskussioun:Navigatioun Joerdausend

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sënn ? :-)

--Briséis 01:37, 8 Oct 2004 (UTC)

De Sënn ass kloer, wann een bei eisen däitschen Nopere kuckt - et huet een einfach manner Antreeg pro Artikel, an et get méi iwwersiichtlech ... --JayCeeH 15:53, 12 Oct 2004 (UTC)

Just datt mir usech net den däitsche System iwwerholl hun :-) Mir man nämlech usech guer nix wéi bei der däitscher :-)

--Briséis 17:22, 12 Oct 2004 (UTC)

Hmm. Also ech fannen schon. Sinn der Meenung mier sollten am Portal Geschicht en Link op jeweils eng Spezialsait vier Joerdausenden, Joerhonnerten, Joerzengten an Joeren maan. Vun do aus keint een dann bequem weiderkommen. Den daïtschen System huet do eppes mat "Zeitskala" oder sou. Bis ech dei fonnt hun dauert et emmer en bessen. Do wier daat waat daat mat den Linken dann schon mei einfach. Dann hätten mer gewessermossen trotzdeem eisen eegenen System behaalen. *meng Meenung* --Karlthegreat 22:16, 12 Oct 2004 (UTC)

Also wanns de genee kucks ass eis Haaptsäit scho mol wéi déi franséisch an fir de Rescht si mer e bëssen gemëscht, e bëssen hei, e bëssen do. An e "Portal Geschichte" hu mir guer net. Déi ganz Portal-Saachen hun de Cornischong an ech bis elo net weider fir noutwänneg emfonnt :-) --Briséis 22:40, 12 Oct 2004 (UTC)

Hmm .. vierwaat hun ech eigentlech Portal geschriwwen an net Encyclopédie ? Nee also mengen dass mer et do kennen dobai setzen dann fannen d´Leit daat weinstens mei seier wi mat deenen aaneren Systemen ;) --Karlthegreat 14:47, 13 Oct 2004 (UTC)

Salut alleguer. Huelt mer et net fir iwwel, wann ech mengen, datt dëse Meenungsaustausch mär e bësse friem virkënnt. Ech hoffen, datt d'Mataarbechter sech och em d'Schreiwe vun Artikelen Suerge maache kéinten. Mär haten an der kuurzer Zäit vun der LUXWiki vill äerdech Leit, déi sech ganz vill Gedanke gemaach hunn, déi Villes wollten änneren, wat nach guer net do ass. Just wann een esou d'Artikelen duerch geet, da fënnt een net vill erëm vun deem Flillekegerabbels. Déi 1300 "Artikelen", déi op der Haaptsäit stinn, sinn zum gréissten Deel Chronologie-Artikelen, déi gréisstendeels vun Engem (mär wëlle jo keng Nimm nennen)a ganz ville Stonnen "gemaach" si ginn. Et fehlt äis massiv un Artikelen! Am Moment brauche mär keng Portalen, mär brauchen Artikelen! Mär geet dat Theoretiséieren an dësem Zoustand (spéider, wann d'LUXWiki mol op de Bee steet, küenne mer eis doriwwer ënnerhalen, ob mer äis net villäicht eng rout oder eng gréng Hannergrondfuerw fir eis Haaptsäit leeschte wëllen) zimmlech op de Geescht. Mär brauche Leit, déi Artikele schreiwen. --Cornischong 15:26, 13 Oct 2004 (UTC)