Schabloun Diskussioun:VG Irrel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wou ass nozeliesen datt Irrel op lëtzebuergesch Eirdel heescht.

Mer haten emol eng Kéier festgehal datt nëmmen déi grouss Stied an Uertschafte vun deenen d'Nimm beschtens bekannt sinn op Lëtzebuergesch géife gedeeft ginn. Gëllt dat net méi.????

Ginn elo déi Tricken iwwer déi viru 5 Joer säitelaang diskutéiert gouf erëm un.

En plus stëmmen elo d'Interwikien net méi.

-- Les Meloures 13:36, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Dat steet am Artikel "Eirdel" an dat kënnt net vu mär (ech kennen dat Nascht guer net, net emol dem Numm no) mee vum Funck77.
De Critère vun der Gréisst ass mer net bekannt, mee do war effektiv emol eng Diskussioun iwwert de Bekanntheetsgrad, mee ech menge mech z'entsënnen datt déi anescht ausgaang ass, an dunn decidéiert gouf de Lemma op lëtz. ze man an den Artikel awer mam neien auslänneschen Numm unzefänken, ausser et wier e ganz bekannte lëtz. Numm. Op alle Fall ass dat nach ëmmer sou praktizéiert ginn, ausser hei bei den de-Uertschaften, wat ech bosseg fonnt hu vu eis Disk. vu fréier, déi och ech net gär fir d'zéchst frësch féiere wëll.
Soit, ech kucken den Owen dat Irrel am alen Dico no, wann dat vum Funck77 net stëmme sollt da man ech eben nees alles réckgängeg.
D'Interwikie gi jo vu Botte gemaach, do lee däi Kapp a Rou.
--Otets 14:13, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Fir datt de bot den Interwiki fënnt soll e wéinsten op enger auslännescher Säit richteg stoen, wa méiglech an enger grousser Wiki wéi de: nl: en: oder fr:

Et war just de Konträr decidéiert ginn nämmlech datt de Lemma an der Sprooch vun deem Land wier an e Redirekt mam lëtzebuergeschen Numm sollt gemaach ginn. Dat Eirdel héieren ech fir d'éischt a mengem Liewen a weess och net wéi dat soll ausgeschwat ginn. Mer hu jo och Ernzen esou stoe gelooss an net Äernzen oder Iernzen als Lemma geholl wéi d'Leit aus der Géigend soen.

Wann ech den Artikel Hiroshima gesinn, da gi mer d'Dronkenellen aus. Mä dat ass net deng Schold. --Les Meloures 14:23, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

De Bot fënnt dach och eis nei Artikele wann do Interwikien drastinn, ouni op enger anerer grousser Wiki ze stoen?
Mee soit, ech kucken dat den Owend wi gesot am Dico no. Wann et net dra stoe sollt, wat da genuch zu sengem Bekanntheetsgrad ausseet, dann domm gaangen, da setzen ech dee ganze Batteklang nees op Irrel zréck. A wann en dran ass, da man ech d'IWen.
Emol eppes wou ech net dee Béise sinn. ;-))))))))
Mee so, wier dat da kee wierdege Kandidat fir eise "Wikipedia:Schmunzeleck", dee krute mer scho laang net méi gefiddert? --Otets 14:36, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]


Bei neien Artikelen lafen de Robby an ech ëmmer hannendrun fir d'Interwikien dranzesetzen. Botte fannen se just wann de Lemma genee d'selwecht ass. An dann nach. Bis elo gëtt et eréischt een esou an zwar e franséischen dee permanent fir déi franséisch Uertschaftsartikel leeft.
P.S. Dat Eirdel ass jo praktesch net auszeschwätzen, an dofir ginn ech dervun aus datt et héchswahrscheinlech falsch geschriwwen ass. --Les Meloures 14:41, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]
Déi däitsch wiki gëtt mundartlich: Eardel un. Solle mer wierklech ons Artikelen no Phantasien oder däitsche Mundarten nennen --Les Meloures 15:28, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech sot ech kucken dat den Owend an eisem Dico no. Nach ass et net Owend. Merci fir den Tipp mat Eardel, ech sichen dann och no deer Schreifweis. --Otets 15:46, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Fueren haut leider net bei den Dico, dann ass et fir moar. --Otets 19:22, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech hunn elo am LWB nogekuckt. Eirdel gëtt et net. Dofir hues de awer de Choix tëscht Irel (mat just engem "r"!), Erel, Eerdel, Ierdel an Äerdel. Wann s de dech fir eng Versioun entscheed hues da schreiwen ech all d'Artikelen doropshin ëm. --Otets 01:18, 9. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]
Eleng wäert ech wuel hei keng Decisioun huelen, wat soll gebraucht ginn. Wann da soll d'Allgemengheet driwwer decidéieren. Just meng Meenung: Firwat solle mer mat alle Mëttele probéieren fir hei eppes ze verlëtzebuergeschen wat vu kengem méi esou benotzt gëtt. Déi Nimm kënnen am Text als Informatioun opgefouert ginn awer d'Uertschaft soll am Lemma hire korekten däitschen Numm behalen. Bei Bollendorf a Wallendorf ass de Fall deeselwechten. D'Leit vun do soe guer net esou. Ech hunn elo ande Leschten Deeg, beim Sammele vun Informatiounen iwwer Weilerbacher Schmelz an iwwer d'Pompelspäicherwierk, mat ville Leit, aus dem däitschen a lëtzebuergesche Grenzgebitt telefonéiert, an hu se dann och gefrot wéi déi Uertschafte bei hinne genannt ginn. Bei Irrel war d'Resultat eendeiteg. Jiddweren huet d'Uertschaft Irrel genannt. Bei Bollendorf a Wallendorf war d'Resultat datt déi meescht Bollendref a Walendref soen.
Ech mengen elo hu mer genuch Zäit wéinst engem Bäigeflécks vun engem Funkemariechen, dat dann einfach blannemänches iwwerholl gouf verluer, a fir an Zukunft all Diskusioune doriwwer ze spueren, sollen am Lemma déi däitsch Nimm gebraucht ginn, an déi lëtzebuergesch respektiv déi aus dem däitsche Platt just am Text opgefouert ginn. --Les Meloures 10:52, 9. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Meng Meenung: http://lb.wikipedia.org/wiki/Diskussioun:Eirdel —--Jamcelsus 16:06, 9. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Dem Jamcelsus schléissen ech mech gären un, ech géing et dann awer vläit nees als Irrel mat 2 "r" gesinn, et ass jo näischt esou eppes bekanntes wéi Bréissel oder Paräis oder och nach Béibreg --Jwh 18:17, 10. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien, "Irrel", ouni laang Diskussioun. Mondaartvarianten (obskurer a manner obskurer) kënne gär am Artikel opgezielt ginn.--Zinneke 19:03, 10. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]
Gutt, ech setzen dat dann op Irrel. Dat schéngt hei méi korrekt ze sinn wéi en anere lëtzebuergeschen Numm (an Eirdel war et jo souwisou ni). --Otets 07:11, 11. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]