Schichany
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad am Oblast Saratow. Fir d'Duerf an der Republik Baschkortostan, kuckt wgl. Schichany (Duerf). |
| Schichany | |
|---|---|
|
| |
| Land | Russland |
| Federatiounskrees | Wolga |
| Status | Oblast |
| Regioun | Saratow |
| Gegrënnt | 1820 |
| Awunner | 5.155 (2021) |
| Fläch | 9,84 km² |
| Koordinaten | 52°7'0"N, 47°12'0"O |
| Zäitzon | UTC+3 |
| Postcode | 412950 |
|
| |
Schichany (op Russesch: Шиханы, op Tataresch: Шиган/Şigan) ass eng kleng zoue Stad am Oblast Saratow am Wolga-Federatiounskrees a Russland. Si ass de Verwaltungszentrum vum Stadkrees Schichany a läit eng 130 km nërdlech vu Saratow. Den zivillen Deel vun der Stad nennt sech inoffiziell Schichany-1, an de militäreschen Deel eng 2 km südëstlech dervun inoffiziell Schichany-2.
Et ass déi klengst Stad a senger Regioun an huet 5.738 Awunner (Stand 2016).[1]
Schichany gouf am Joer 1820 vum russesche Generol Wassili Wassiljewitsch Orlow-Denissow gegrënnt.[2] Zanter 1928 ass se e Chimiewaffestanduert vun der Arméi.
Haaptwirtschaftsfaktor sinn d'Ariichtunge vun der russescher Arméi, gradewéi d'Wëssenschaftlecht Fuerschungsinstitut fir Stralungs-, Chimie- a Biowaffeschutz an d'Staatlecht Institut fir organesch Syntheestechnologie mat Versuchswierk.

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Schichany – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Archive copy Archivéiert den 08.09.2016. Gekuckt de 25.06.2016.
- ↑ https://snob.ru/profile/29744/print/102255?v=1460796406
