Schleise vu Lanaye

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schleis vu Lanaye)
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schleis vu Lanaye, kleng Schleisepaarten
Schleis vu Lanaye, ënnescht Paart
D'Tranchée de Caster lénks an d'Schleise vun der Bréck vu Lanaye aus gesinn.
Déi nei Schleis am Bau am Abrëll 2014

D'Schleis vu Lanaye ass eng Schleis déi gebaut ginn ass fir eng Verbindung tëscht dem Kanal vu Lanaye an dem Albertkanal ze maachen. Si ass säitlich an engem Wénkel vun ongeféier 60 Grad zum Albertkanal ugeluecht, ronn 1 Kilometer vun der Uertschaft Lanaye ewech a just virun der Tranchée de Caster wou de Kanal eng Waasserscheed durchbrécht an zwar déi tëscht der Meuse an dem Geer.

Hiren ieweschte Schleisebaseng mécht den Uschloss un den Albertkanal. Si läit um PK 0.195 vum Kanal vu Lanaye a gouf 1939 a Betrib geholl, an hat déizäit zwou Schleisekummere vu 55 x 7.50 m fir Schëffer bis 600 Tonnen.

An den 1960er Jore gouf eng drëtt méi grouss Schleisekummer vun 136 x 16 m bäigebaut. An där kënne Schëffer bis 2000 Tonne geschleist ginn, wat Schëffer aus der Klass IV, a verschiddene Schëffer aus der Klass V entsprécht. De Bau vun där Schleis geet op e Lännervertrag tëscht der Belsch an Holland am Joer 1961 zeréck.[1]

D'Radios Frequenz vun der Schleis ass VHF Kanal 18.

Si huet eng Totallängt tëscht de Käpp vun 190 Meter an den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschte Waasser an dem ënneschten ass 13.96 Meter.

Projet vun enger neier Schleis[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zanter e puer Joer lafen Etüde fir eng méi grouss Schleis ze bauen fir datt Schëffer mat Rhäingabrit (Klass 6), déi vun Antwerpen kommen, och kënnen an de Kanal vu Lanaye weiderfueren, wat wichteg fir den Hafe vu Maastricht ass. De Projet stéisst sech awer net nëmmen um gudde Wëlle fir ze bauen (et gëtt scho méi wéi 10 Joer driwwer diskutéiert), mä och um Waasserverbrauch vu sou grousse Schleisen. Eng grouss Schleis weider um Kanal géif besonnesch am Summer, wann d'Meuse net vill Waasser féiert, e Problem duerstellen. Et soll dofir eng sougenannte Spuerschleis gebaut ginn. An de Projeten ass virgesi fir an de Bajoyeren (Säitewänn), grouss huel Këschte mat anzebauen déi lues a lues eng grouss Waasserreserve kéinten opbauen ouni ze vill um Waasserstand ze zapen. Dës Wasserreserve kéint da beim Fëlle vun der Kummer wärend engem Schleisegank benotzt ginn.

Och de Kanal vu Lanaye misst verluecht ginn, well déi nei Schleis net op der Plaz vun där aler duerch en Ëmbau ka realiséiert ginn, mä parallel dozou misst gebaut ginn. Dofir misst och nach eng Strooss verluecht ginn an eng nei Bréck gebaut ginn.

2006 goufe Buerunge gemaach fir den Ënnnergrond z'ënnersichen, an de Groupe Interuniversitaire de Recherches en Ekologie Appliquée huet eng Etüd iwwer den Ekologeschen Impakt gemaach

Fir dat Ganzt ënner een Hut ze kréienh, schafft de Groupe zesumme mat HASKONING Nederland an HASKONING Belgium a mat verschiddene Soustraitante wéi dem Laboratoire d'Hydrographie et de Géomorphologie fluviales vun der Universitéit vu Léck (Ulg), dem Affekotebüro SNC Orban vu Xivry a Cartuyvels, an dem Laboratoire de démographie des poissons vun der ULg an der FERN. De Projet soll eppes klengs iwwer 90 Milliounen Euro kaschten, an et gëtt sech eng Europahëllef erwaart.

Déi nei Schleis soll 25 m breet ginn an 225 m laang, fir datt Schëffer bis 9000 Tonnen CEMT-Klass VIb, geschleist kënne ginn.

Et ass och virgesinn eng Pompelstatioun matzebauen an eng kleng Produktiounszentral fir Stroum.

Am Hierscht 2011 gouf mat den Terrassementsaarbechten ugefaangen an am August 2015 ass déi nei Schleis a Betrib gaangen.

An der Noperschaft[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Vertrag gouf de 24. Februar 1961 zu Bréissel ënnerschriwwen.