Bréck vu Lanaye

Vu Wikipedia
D'Bréck vu Lanaye vun der lénkser Kanalsäit aus gesinn
Al Vierendeelbréck

D'Bréck vu Lanaye ass eng Stroossebréck iwwer den Albertkanal tëscht Eben-Emael a Lanaye an der Belsch. Si steet just virun der Schleis vu Lanaye um PK 15.96.

Éischt Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck war eng Vierendeelbréck déi 1933 opgeriicht gouf. Et war déi éischt Vierendeelbréck déi geschweesst war. Si hat eng Spanwäit vun 88 m an huet 315 Tonne gewien. Dës Bréck gouf den 11. Mee 1940 vun der belscher Arméi gesprengt. 1948 gouf se mat enger reduzéierter Spanwäit vun 68 m nees opgeriicht a gouf dunn 1985 wéi déi nei Bréck a Betrib war ewechgerappt.

Haiteg Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Bréck ass ass eng asymmetresch Schréiseelbréck a Fächerform déi vun 1980 bis 1982 am Kader vun der Vergréisserung vum Albertkanal op den 9.000-Tonne Gabarit gebaut gouf, an déi al Vierendeelbréck vun 1933 ersetzt. Si gouf op der selwechter Plaz opgeriicht, op där déi al Bréck stoung. Fir datt de Verkéier konnt wärend dem Bau vun der neier Bréck weider funktionéieren, gouf déi al Vierendeelbréck ëm ronn 30 Meter flossof verréckelt.

Nopeschbrécke sinn d'Bréck vu Kanne, d'Bréck vu Lixhe souwéi d'Bréck op de Schleise vu Lanaye

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Pylon: aus arméiertem Bëtong, ëmgedréinten Y, Héicht 64.40 m
  • Fuerbunn: Gemëscht Konstruktioun aus Stol an arméiertem Bëtong
  • Haaptdrowäit: 177.00 m
  • Totallängt op den Opleeër gemooss: 232.00 m
  • Breet vum Träger vun der Fuerbunnn: 13.30 m
  • Kabelen: 30 Stéck
  • Fräi Héicht: 7,50 m
  • Droseeler: am Ganzen 30 Stéck
    • Op dem laangen Deel vum Tablier 2 x 10 mat Drokraft vun 280 bis 550 Tonnen
    • Op dem kuerzen Deel vun Tablier 2 x 5 mat enger Drokraaft vun all Kéier 900 Tonnen.
    • D'Droseeler si parallel verseelt, a goufen um Schantje gebaut. Ofhängeg vun hirer Déckt, bestinn se aus 104 bis 325 eenzele Drote Seeler déi en Duerchmiesser vu 7 mm hunn. Si sinn sou festgemaach datt se zu all Moment kënnen nogespaant ginn, a liicht auszetausche sinn.

Kuriéis[änneren | Quelltext änneren]

Et ass schwéier erauszefanne fir wat fir ee Gewiicht se zougelooss ass. Op der enger Säit steet e Schëld mat enger Limitt vu 5 Tonnen, op där anerer eent mat 7.5 Tonnen ausser lokale Verkéier.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]