Schluecht vun Hastings

Vu Wikipedia
Doud vum Kinnek Harold. Detail vun der Tapisserie vu Bayeux.

D'Schluecht vun Hastings war eng Schluecht, déi de 14. Oktober 1066 tëscht der normannesch-franséischer Arméi ënner dem Herzog William II. vun der Normandie an enger Arméi vum angelsächsege Kinnek Harold II. gefouert gouf.

Si gouf no der englescher Uertschaft Hastings genannt, mee war fir richteg eng zéng km nordwestlech dovun, do wou elo d'Uertschaft Battle ass.

De Grond vun der Schluecht war, datt den englesche Kinnek Edward de Bekenner (the Confessor) viru sengem Doud den normannesche Kinnek Harold als säin Nofollger designéiert hat. Wéi e bis dout war, huet den Harold Godwinson d'Muecht u sech gezunn. Doropshin huet de William dem Harold de Krich erkläert.

D'Schluecht ass mat der Victoire vun de Franko-Normannen op en Enn gaangen, woubäi de Kinnek Harold ëmkomm ass, a war eng wichteg Etapp an der Eruewerung vun den England duerch d'Normannen.

Et gëtt ugeholl, datt de William eng 10.000 Mann ënner sech hat, an den Harold eng 7.000. Wärend déi englesch Arméi bal nëmmen aus Infanterie bestoung, huet sech d'Invasiounsarméi nëmmen zur Hallschecht aus Infanteristen zesumme gesat, déi aner Hallschecht waren hallef-hallef Kavalerie a Bouschéisser. D'Schluecht goung vu moies 9 bis owes 6 Auer. Se gouf vun de Frankonormannen duerch eng Taktik gewonnen, bei där se zu engem bestëmmten Zäitpunkt gemaach hunn, wéi wa s'a Panik fortlafe géifen, fir dann op eemol, wéi hir Verfolger scho gemengt haten, si hätte gewonnen, op eemol ëmgedréint hunn an sech op se gestierzt hunn. Historiker schätzen, datt ongeféier 2000 Franko-Normanne bei der Schluecht ëmkoumen, an ongeféier duebel sou vill Englänner.

De William gouf op Chrëschtdag 1066 zum Kinnek vun England gekréint.

Eng bemierkenswäert zäitgenëssesch Quell vun der Schluecht ass d'Tapisserie vu Bayeux, e brodéierte Wandteppech, dee bal wéi eng Bande dessinée d'Geschicht beschreift.