Schnéikaz

Vu Wikipedia
En ale Ratrac
E PisteBully 260DW vu Kässbohrer

Eng Schnéikaz ass e Kettegefier dat a Schigebidder benotzt gëtt fir Schipisten a Loipen ze preparéieren, a fir Leit ze transportéieren.

Schnéikaze fir Pisten a Loipen hunn um viischten Deel eng grouss Schnéischëpp, an hanner de Raupen eng Fräs fir de Schnéi gläichméisseg opzewullen mat hannendrun enger Walz en nees unzedrécken. Schnéikaze ginn normalerweis vun Dieselmotoren ugedriwwen. Douerch datt de Schnéi vun der Walz ugedréckt gëtt, gëtt e verdicht an d'Pist hält méi laang.

Well Schnéikazen opgrond vun hirer niddreger Buedembelaaschtung vu 50-60 g/cm², gutt a schwéierem Terrain ze manövréiere sinn, gi se an ëmgeännerte Modeller och an der Landwirtschaft oder bei Terrassementsaarbechten agesat.

D'Konstruktiounsmaterial, de Motor an d'Technik vun enger Schnéikaz sinn extra fir de Betrib bei ganz niddregen Temperature bei schlechtem Wieder gebaut. D'Kabinn ass speziell isoléiert, an duerch Beschichtungen, Wandschëlter a Waarmloftgebléis géint Veräisung geschützt.

D'Schifuerer ginn duerch eng oder méi orange Luuchten déi dréinen oder akustesch Signaler viru Kollisioune gewarnt. An deene meeschte Schigebidder fuere se och just owes a souguer an der Nuecht, no de Betribszäite vun de Lifter an de Pisten.

Duerch hiren niddrege Schwéierpunkt an déi grouss Fläch vun de Kette kënne se a géie Steigunge benotzt ginn. Wann den Terrain ze vill géi ass gi Seelwanne mat bäigeholl. Nieft de Wanne kënne se och nach aner Spezialgeschier ugebaut kréien, wéi z. B. Kranen oder Shaper, oder e Geschier fir Halfpipes ze maachen.

Schnéikaze gi vu verschiddene Produzenten a verschiddene Gréissten an Ausféierunge gebaut. Déi Éischt um Maart mat engem Maartundeel vu mei wei 50% ass d'Firma Kässbohrer Geländefahrzeug AG mat Sëtz zu Laupheim bei Ulm an Däitschland. Zwéin aner grouss Fabrikante si Bombardier a Kanada a Prinoth an Italien.

Warnschëld Schnéikazen
PisteBully Skizz

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schnéikazen – Biller, Videoen oder Audiodateien