Schwaarz Zeen

Vu Wikipedia
Zeenegänger beim WGT, eng vun de gréissten internationalen Zeenveranstaltungen

Schwaarz Zeen bezeechent een zanter de spéiden 1980er Jore e soziokulturelle Milieu, dee säin Urspronk an der Unhängerschaft vum Dark Wave huet, a sech aus Deeler vu verschiddene Subkulturen zesummesetzt, deenen hire gemeinsame Nenner d'Faarf schwaarz mat all hire Symbolwäerter ass. Zu den anere grousse Gemeinsamkeete vun der Zeen ziele Musek, Konscht a Moud sou wéi d'Ausernanersetzung mat philosopheschen oder vun der Duerschnëttsgesellschaft als negativ ugesinn Theemen an Tabuzonen.

D'Zeen net als homogeen an a sech geschlosse Grupp ze verstoen, mä als Ëmfeld, an deem Leit mat ënnerschiddlechem Hannergrond sech zesummefaasse loossen, déi bal déi selwecht Intressien a Preferenzen hunn (z. B. Dark music) a gemenkerhand en estheetescht, selwer duerstellerescht an individualistescht Konzept verfollegen. Sou kann een zur Zeen vill vun den Unhänger vu follgende Subkulturen zielen:

Kontakt an Austausch geschitt iwwer Concerts- an Discothéikorganisatiounen, zanter e puer Joer och verbreet iwwer Internetforen oder Chats, wouduerch et zu kulturellen Iwwerlagerunge komme kann ("Patchwork-Kulturen"), obwuel d'Eegestännegkeet vun de subkulturellen Ausganksformen erhale bleift.

Heiansdo‏ gëtt de Begrëff och fir d'Black-Metal-Zeen benotzt, déi awer aner subkulturell Originnen huet.