Schwaarzen Donneschdeg

Vu Wikipedia
Leit virum American Stock Exchange.

Schwaazen Donneschdeg (en.: Black Thursday) gouf den Donneschdeg, 24. Oktober 1929 genannt, well et dunn zu deem Crash op der New-Yorker Bourse koum, deen déimeeschte Suitten hat. Nodeems den Dow-Jones-Index schonn déi Woche virdrun am Minus war, ass deen Dag Panik ënner den Investisseuren ausgebrach. D'Course sinn an de Keller gerutscht, a vill Leit waren um Enn vum Dag héich verschëlt.

De Crash op der Wall Street goung iwwer e puer Deeg. Deen Dënschdeg duerno, den 29. Oktober, gëllt als Black Tuesday ("Schwaarzen Dënschdeg"), well all d'Investisseure gläichzäiteg just nach verkafe wollten. Dëse Crash gëllt als den Ausléiser vun der Great Depression an den USA a vun der Weltwirtschaftskris. D'Course sinn an de Joren duerno nach weider erofgaangen, eréischt 1932 gounge se nees no uewen. An den USA ass de Black Tuesady deen, deen haut nach spréchwiertlech ass.

An Europa ass dacks vum Schwaarze Freideg rieds, well d'Nouvelle vun New York eréischt an Europa ukoumen, wéi do scho Feierowend op de Boursse war, a sou d'Panik do eréischt deen Dag drop ausgebrach ass.

Ee vun de Grënn, firwat dee Crash sou dramatesch war, läit dodran, datt am Virfeld vill Investisseuren, och "kleng" Privatleit, Kreditter opgeholl hate fir Aktien ze kafen, well se dovun ausgoungen, de Cours misst weiderhin no uewe goen. Wéi dat net méi de Fall war, ass Panik ausgebrach, well der vill gefaart hunn, hire Kredit net méi kënnen erëmzebezuelen, wat dann och de Fall war. Well jiddereen zu der selwechter Zäit massiv seng Pabeiere verkafe wollt, ass de Cours natierlech nach weider gefall, wat d'Panik verstäerkt huet.

Als Léier vum Crash hunn d'Bourssen an de Joren duerno Reegele kritt, déi et hinnen erlaben, den Handel ze suspendéieren, wann d'Coursen op ee Coup ze séier géife falen. Ausserdeem gouf et Restriktiounen z. B. wat d'Finanzéierung vun Aktiegeschäfter iwwer Kreditter betrëfft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fritz Blaich: Der schwarze Freitag. Inflation und Weltwirtschaftskrise. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1985, ISBN 3-423-04515-9 (Deutsche Geschichte der neuesten Zeit – dtv. 4515).
  • John Kenneth Galbraith: Der große Crash 1929. Ursachen, Verlauf, Folgen. FinanzBuch-Verlag, München 2005, ISBN 3-89879-054-1.
  • Charles P. Kindleberger: Die Weltwirtschaftskrise. 1929–1939. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1973, ISBN 3-423-04124-2 (Geschichte der Weltwirtschaft im 20. Jahrhundert. Bd. 4 = dtv 4124 Wissenschaftliche Reihe).
  • Barnie F. Winkelmann: Ten Years of Wall Street. Fraser Publishing, Burlington VT 1987, ISBN 0-87034-082-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wall Street Crash of 1929 – Biller, Videoen oder Audiodateien