Schwammsport

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schwammen (Sport))
Schwammkompetitioun (Brasse) op den Olympesche Spiller zu Rio, 2016.

Schwammen ass eng Waassersportaart, déi dora besteet, eng bestëmmt Distanz an engem bestëmmte Schwammstil méiglechst séier ze bewältegen.

Traditionell gëtt tëscht véier verschiddene Schwammtechniken ënnerscheet:

Eng Course, bei där déi véier Stiler hannerteneen, an där Reiefolleg, geschwomme ginn, nennt ee Quatre-nages.

D'Schwammen zielt zënter dem Ufank vun de modernen olympesche Spiller zum olympesche Programm.

Schwammbasengen hunn eng Längt vu 25 m oder, bei engem olympesche Baseng, vu 50 m. D'Distanzen, déi geschwomme ginn, sinn dann och Multipele vun der Längt vum Baseng: 100 m, 200 m, 400 m, 800 m, 1500 m a 5000 m souwéi d'Sprintstreck vu 50 m. Coursse kënnen och am Relais geschwomme ginn, mat jee 4 Schwëmmer pro Ekipp. International gëtt et Kompetitiounen iwwer 4 × 50 m, 4 × 100 m a 4 × 200 m.

Och beim Triathlon ass d'Schwammen en Deel vun den dräi Epreuven, déi um Stéck gemaach musse ginn. An deem Fall ass dat meeschtens an engem oppene Gewässer, z. B. engem Séi.