Triathlon

Vu Wikipedia
Triathlon
Schwammen, vëlofueren a lafen
Typ Multisportsport, Eenzelsport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 2000
Federatioun
International World Triathlon
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de triathlon
Ursprong
Aner Informatiounen
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Dorian Coninx
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Beth Potter


Schwammen, Vëlo, Lafen

Triathlon ass eng relativ rezent Kompetitiounssportaart, déi dora besteet, dräi Sportsdisziplinnen hannereneen um Stéck ze absolvéieren: Schwammen, Vëlofueren a Lafen, woubäi d'Zäit vum Ufank bis zum Schluss gekuckt gëtt. D'Wuert ass aus de griichesche Wierder tri (dräi) an athlon (Kompetitioun) zesummegesat. Leit, déi dëse Sport maachen, ginn Triathlete genannt.

En ass a senger moderner Form 1974 an den USA entstanen a huet sech zanterhier uechter d'ganz Welt verbreet. 2000 gouf en zu enger olympescher Disziplin.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

D'Basisreegele vum Triathlon sinn einfach: d'Participante schwammen, fuere Vëlo a lafen eng gewësse Streck an enger Kompetitioun bis s'am Zil sinn. Et gëtt verschidden Distanze fir en Triathlon, dorënner:

  • op den Olympesche Spiller: 1.500 Meter schwammen, 40 km vëlofueren a 5 km lafen.
  • bei den Triathlon-Weltmeeschterschaften, iwwer déi sougenannt Sprintdistanz, sinn et: 750 m schwammen, 6,8 km mam Vëlo fueren an 2 km lafen
  • bei der gemëschter Staffel ass et fir all Triathlet: 300 m schwammen, 6,8 km mam Vëlo fueren an 2 km lafen
  • fir en Ironman Triathlon gëllt: 3,9 km schwammen, 180,2 km vëlofueren an 42,2 km lafen.

Um internationale Plang gëtt dëse Sport duerch d'Fédération internationale de triathlon (ITU) gereegelt.

Triathlon zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Fédération Luxembourgeoise de Triathlon këmmert sech ëm quasi all Aspekter vun de Kompetitiounen zu Lëtzebuerg an ass déi zentral Ulafstell.

An der nach verhältnisméisseg jonker Geschicht vum Triathlon, konnte schonn eng Rëtsch Lëtzebuerger Triathleten international gutt Resultater erreechen: Nancy Arendt, Dirk Bockel, Liz May a nach aner.

Am Joer 2023 gouf d'Jeanne Lehair Europameeschterin.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Triathlon – Biller, Videoen oder Audiodateien