Op den Inhalt sprangen

Jeanne Lehair

Vu Wikipedia
Jeanne Lehair
Gebuer 30. Mäerz 1996
Metz
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Triathletin, Liichtathleetin
Huet matgemaach bei Triathlon-Europameeschterschaften 2022

D'Jeanne Lehair, gebuer den 30. Mäerz 1996 zu Metz, ass eng franséisch-lëtzebuergesch Triathleetin. Zënter November 2022 start si bei Triathlon-Kompetitioune fir Lëtzebuerg (affiliéiert bei der FLTri).[1] Iwwer eng vun hiren Urgroussmammen, huet d'Jeanne Lehair och Lëtzebuerger Originnen.[2]

Am Mee 2025 ass hir eng éischt Victoire bei der World Triathlon Championship Series (WTCS) an der Manche zu Yokohama gelongen.[3] Am Oktober vum selwechte Joer huet si zu Toulouse déi lescht Manche vum Super League Triathlon (Supertri) gewonnen. Duerch hir exzellent Placéierunge huet si sech domat och d'Victoire am Generalklassement vum Supertri fir d'Joer 2025 geséchert.[4]

Palmarès am Triathlon

[änneren | Quelltext änneren]
  • Weltmeeschterin (bei de Studenten)
2022
  • 1. bei der Supertri League zu Boston
  • 2. bei der Supertri League zu Neom (Saudi-Arabien)
  • 6. bei der Weltmeeschterschaft zu Torremolinos
  • 1. bei der Supertri League zu Toulouse
  • 1. bei der Supertri League zu Chicago
  • 1. bei de World Triathlon Championship Series zu Alghero
  • 1. bei de World Triathlon Championship Series zu Yokohama
  • 2. bei de World Triathlon Championship Series zu Fréjus
  • 2. beim Ironman 70.3 zu Valencia
 Commons: Jeanne Lehair – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Für nichts auf der Welt würde ich hier weggehen" (Interview mat der Jeanne Lehair. In: Luxemburger Wort, 6. Dezember 2023, S. 58.
  2. (lb) Hippert, Franky, Drëtt Hallschent, de Sport-Talk: Jeanne Lehair. RTL.lu (18.12.2023). Gekuckt den 19.12.2023.
  3. (de) Hemmen, Bob, Zweifel, Übelkeit und Tränen: Die ganze Geschichte hinter Jeanne Lehairs größtem Sieg. Mediahuis (19. Mee 2025). Gekuckt de 06. Oktober 2025.
  4. (de) Jeanne Lehair bekommt Heiratsantrag auf dem Podium. Mediahuis (5. Oktober 2025). Gekuckt de 6. Oktober 2025.
  5. Resultat bei World Triathlon.