Scioto Gesellschaft

Vu Wikipedia
De Jean-Jacques Duval d'Eprémesnil

D'Scioto Gesellschaft, fr.: Compagnie du Scioto, och nach «Compagnie des Vingt-quatre» genannt, war eng Gesellschafft déi uganks 1790 vum Jean-Jacques Duval d'Eprémesnil, dem Marquis Lezay-Marnésia, dem Chais de Soissons an dem Amerikaner William Playfair gegrënnt gouf.

D'Gesellschaft hat der US-amerikanescher Regierung dräi Milliounen Acren tëscht de Flëss Ohio a Scioto am spéidere Bundesstaat Ohio ofkaaft, fir do eng franséisch Kolonie an d'Stad Gallipolis ze grënnen.

D'Saach hat kee grousse Succès well d'Indianer, déi eigentlech näischt géint déi franséisch Siidler haten, mä d'Land gär selwer verkaaft hätten, well si sech als déi rechtméisseg Besëtzer betruecht hunn, a keen Accord mat der US-Regierung fonnt hunn, sech dunn op de Krichsfouss gemaach hunn.

D'US-Arméi déi mat 3.000 Mann d'Siidler sollt ënnerstëtzen, gouf vun den Indianer praktesch ganz exterminéiert an d'Sidler hu sech an déi aner Bundesstaate missen zeréckzéien.