Severer

Vu Wikipedia

Als Severer ginn déi vum Septimius Severus begrëndt réimesch Dynastie vu Keesere genannt.

Se huet – mat der eejorger Ënnerbriechung duerch de Macrinus (Abrëll 217 bis Juni 218) – vun 193 bis 235 regéiert. Genee geholl waren nëmmen déi Keeseren, déi bis 217 geherrscht hunn, Severer, well déi vu méi spéit ware net mam Septimius Severus bluttsverwandt, mä waren d'Nokomme vu sengem Schwoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.