Sexualstéierung

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Sexualstéierung ass e Sammelbegrëff fir Dysfonktionnementer oder Ofwäichunge vum sexuellen Empfannen, vum Sexualliewen, vum Sexualverhalen a vun der Sexualidentitéit. An der psycho-biologescher, neurologescher a medezinescher Fuerschung ginn s'am Prinzip an dräi Kategorien agedeelt:

  • Funktiounsstéierungen (Impotenz, virzäiteg an/oder verspéiten Ejakulatioun, Erektiounsonfähegkeet,Frigiditéit oder Anorgasmie ....) sinn an de meeschte Fäll psychosomatesch bedéngt a gi mat Pharmaka an duerch Psychotherapie méi oder wéineger erfollegräich behandelt.
  • Paraphilie (deviéiert, ofaarteg a krankhaft(pathologesch) Neigungen oder Bezéiunge vis-à-vis vum Sexualobjet, z. B. Homophobie, Fetischismus, Exhibitionismus, Sadismus, Masochismus, Pedophilie, Sodomie > Zoophilie, Bestiophilie) ass eng eeler medezinesch Nomenklaturbezeechnung a gëtt haut an der Sexologie méi sachneutral als Deviatioun bezeechent. Si ëmfaasst Sexualpraktiken, - ziler an –interessien, déi fréier ënner dem haaptsächlech moralesch ofwäertende Begrëff Perversioun gefouert goufen an zum Deel och haut nach als krankhaft ofaarteg definéiert sinn. E puer dovu si strofrechtlech relevant: z. B. d'Pedophilie, …
  • Identitéitsstéierungen sinn z. B. Homosexualitéit, Transsexualitéit an déi, aus dem biologesche Spektrum vun der Intersexualitéit bedéngte séilesch Problemer am Hibléck op déi eege Geschlechtsidentifizéierung. Déi mat dëse genannten Identitéitsstéierunge betraffe Leit – zou deenen och nach déi Bi-sexuell gerechent goufen - si während Joerhonnerte vun der Gesellschaft, de chrëschtlechen an deelweis och anere Kierchen, resp. reliéisen Institutiounen a vun der Justiz verfollegt, allgemeng diskriminéiert an deelweis och zu Zangsaarbecht a Prisongsstrofen veruerteelt ginn, goufen aus der Gesellschaft ausgestouss an zäitweis (an der Rum vun den Hexeverbrennungen a während dem Naziregime) higeriicht.

Zanter de 1960er Joer gi s'an der westlecher Welt (deemno och an der EU) net méi verfollegt. Zanter 1974 gi s'am Krankheetskatalog vun der internationaler Psychiatrie net méi als Geeschteskrankheet oder psychesch Verhalenstéierungen, an zanter 1992 och net méi am Katalog vun der Weltgesondheetsorganisatioun W.H.O. gefouert. Déi drëtt Kategorie fält net méi ënner dee Wäertbegrëff Perversioun. Hir eenzel Komponenten an Erschéngunge gëllen haut als ugebuer an/oder erzéieresch/kulturell ugeléiert Identitéitsproblemer. Si sinn am Hibléck op d'Entscheedungsfräiheet an d'ëffentlecht Liewe vun de Betraffenen als Mënscherechter unerkannt.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]