Sidewinder-Raven

Vu Wikipedia

D'Sidewinder-Raven war eng zweestufeg Héichtefuerschungsrakéit vum US Army Engineering Research and Development Laboratory.

Déi éischt Stuf bestoung aus enger Sidewinder 1A-15-Rakéit, déi zweet aus enger Hopi IV. D'Rakéit konnt 112 km héich fléien, hat e Startschub vu 26,4 kN, eng Startmass vun 110 kg, en Duerchmiesser vun 0,13 m an eng Längt vu 5,20 m.

Mat der Sidewinder-Raven goufen nëmmen zwéin Testflich am Joer 1964 zu White Sands gemaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]