Sosigenes vun Alexandria

Vu Wikipedia

De Sosigenes vun Alexandria (Sōsigénēs hó Alexandréus) war e spéit-hellenisteschen Astronom, dee bei der Kalennerreform ënner dem Gaius Iulius Caesar (Julianesche Kalenner), nieft anere wéi warscheinlech och den Acoreus, als Beroder geschafft huet an deen och d'Schrëft vum Caesar De astris, aus där nëmmen nach Fragmenter iwwer d'Wiederzeeche bekannt sinn, beaflosst huet. De Plinius den Eeleren hat a senger Naturalis historia d'Erkenntnes vum Sosigenes a vum Kidenas, datt de Merkur ni méi wéi 22 Grad vun der Sonn ewech steet, iwwerliwwert (Buch II, 39).

Den Äerdmoundkrater Sosigenes ass no him genannt.

De Sosigenes vun Alexandria ass net ze verwiessele mam Sosigenes dem Peripatetiker, dee sech och mat astronomeschen Theme beschäftegt huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie