Sousaphon

Vu Wikipedia
E Sousaphon beim Mardi Gras zu New Orleans

De Sousaphon (am Franséischen och soubassophone) ass en déift Blechblosinstrument mat Ventille fir Militärorchesteren. E staamt direkt vun der Tuba of.

Den John Philip Sousa, Dirigent vu Military Bands a weltbekannte Komponist vu Militärmärsch, war an den 1880er Joren net méi zefridde mat den Tubaen a sengem Orchester. Hie wollt en Instrument mat engem volle, waarme Klang, deen iwwer den Orchester droe sollt. Dowéinst hat hie schonn eng Zäitche mat Helikone probéiert, mä well dat hien nach net zefriddegestallt hat, huet e bei C. G. Conn zu Elkhart am Indiana en neit Instrument baue gelooss.

D'Lëtzebuerger Militärmusek mat engem Sousaphon aus Konschtmaterial.

Dat neit Instrument war allerhand grouss, de Spiller konnt awer am Goe spillen. Déi éischt Sousaphonen haten e kreesronne Schallrouer an e breeden a flaache Schalltriichter, deen no uewen op war. Déi haiteg Sousaphonen hu gebéite Schallréier, déi sech dréie loossen, an an der Reegel dräi Ventillen. Den Triichter an souguer dat ganzt Instrument (bis op d'Ventiller) sinn hautdesdaags geleeëntlech aus Fiberglas wéinst dem Gewiicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sousaphonem – Biller, Videoen oder Audiodateien