Späizmännchen

Vu Wikipedia
E Späizmännchen, deen am Gaang ass, ze brennen

E Späizmännchen ass e verkofferte stolenen Drot, dee mat enger 4 mm décker Matière déi brennt, beschicht ass, an där als Oxidatiounsmëttel Bariumnitrat enthalen ass. Wann déi Schicht vergloust, "späizt" de Späizmännchen, wéinst deem bäigesaten Aluminium- an Eisepolver, Fonken.

Späizmännercher gi virun allem op Chrëschtbeemercher, mä och op Pop- a Rockconcerten vum Public ugefaangen, fir bei eenzele Stécker eng besonnesch Stëmmung am Sall ze verbreeden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sparklers – Biller, Videoen oder Audiodateien