Spëtz (Arel)

Vu Wikipedia

D'Spëtz zu Arel ass e Lieu-dit am Süde vun Arel.

Si ass op der Plaz wou déi zwou belsch Nationalstroossen N4 an N81 zesummekommen.

D'Spëtz läit op der Waasserscheed vum Anzuchsgebitt vun der Meuse an der Musel. Hei entsprangen ronn 1 200 Meter vuneneen ewech d'Durbaach (Muselbaseng) an d'Semois (Meusebaseng).

Op der Spëtz an an der direkter Ëmgéigend leien e Spidol, d'Clinique St. Joseph, sportlech Infrastrukturen (Tennis a Foussball), e Klouschter mat der Kapell Notre-Dame de Lourdes, d'Ful, den Institut Technique an den Athénée Royal vun Arel, eng Dépendance vun der Knipperchersfabrik Ferrero an e Supermarché GB.