Spuenesch Orthographie

Vu Wikipedia

D'Spuenesch Orthographie baséiert op engem Alphabet vu 26 Buschtawe vun A - Z an dräi speziell Buschtawen.

Vokaler[änneren | Quelltext änneren]

Am Spuenesche gëtt et phoneetesch gesinn nëmme 5 Vokaler: /i/ /u/ /e/ /o/ /a/

Diphthonger[änneren | Quelltext änneren]

Diphthong heescht wann zwéi Vokaler eng Silb bilden.

  • Hallef-Vokal: e staark betounte Vokal (a, e, o) mat engem schwaach betountem atoneschem Vokal (i, u); z. B.: aire (Loft); reina (Kinnigin), deuda (Schold).
  • Hallef-Konsonant: e schwaach betounten atonesche Vokal (i, u) mat engem staark betountem Vokal (a, e, o); z. B. piano (Piano), fiel (tréi), antiguo (antik).
  • e schwaach betounten atonesche Vokal (i, u) mat engem anerem schwaach betounten toneschem Vokal; z. B. ruido (Kaméidi).

Triphthonger[änneren | Quelltext änneren]

Triphthong heescht wann dräi Vokaler eng Silb bilden. Si bestinn aus engem Hallef-Konsonant (i/y, u) + e staark betounten tonesche Vokal + engem Hallef-Vokal (i, u); z. B. limpiais (dir botzt).

Konsonanten[änneren | Quelltext änneren]

Am Spuenesche gëtt et just eng eenzeg richteg Verdueblung vu Konsonanten, an zwar den rr. Al déi aner Wierder wou zwéi Konsonante virkommen, bestinn aus zwou Silben (z. B.: ac-ción).

D'Buschtawekombinatiounen ch an ll gëllen am spueneschen als charakteristesche Laut a ginn dohier, genee wéi den ñ, als eegestänneg Buschtawen am Alphabet matgefouert.

Grondreegele vun der Orthographie[änneren | Quelltext änneren]

Bis op e puer Ausname gëtt d'Spuenescht geschriwwe wéi et ausgeschwat gëtt.

  • b a v ginn d'selwecht ausgeschwat
  • g a j ginn virum 'e' an 'i' d'selwecht ausgeschwat
  • den h gëtt guer net ausgeschwat
  • den ll an den y ginn och bal d'selwecht ausgeschwat

No engem Punkt, um Ufank vun engem Saz, Eegennimm an offiziell Nimm gi grouss geschriwwen, soss gëtt meeschtens alles kleng geschriwwen.

Ausruffzeechen a Froenzeeche ginn am Ufank vun der Fro oder dem Ausruffsaz och nach den ëmgedréinte Wee gesat:

¡Hola! oder ¿Cómo estás?

Deemno mat wat fir engem Vokal de Laut zesummekënnt, gëtt et anescht geschriwwen:

  • den th - Laut gëtt virun -a, -o, -u mat z geschriwwen a virun -e, -i mat c (cero, zumo)
  • de k - Laut kënnt, ausser a Friemwierder, guer net am Spuenesche vir. Et gëtt virun -a, -o, -u mat c geschriwwen a virun -e, -i mat qu (casa, queso)
  • en i deen net betount gëtt, gëtt ëmmer zu engem y (caigo, cayó)