Stackhummer

Vu Wikipedia
Stackhummer mat 7x7 Plack

E Stackhummer, geleeëntlech och Krounenhummer genannt, ass en Hummer, deen originär vu Steemetze gebraucht gouf, fir spatz Ecke vu Kalleksteen oder Marmer ze verflaachen, ouni datt de Stee räisst oder déck Stécker ofbriechen.

Normalerweis ass d'Schlosäit vum Hummer mat enger Plack austafféiert, déi Zänn a Pyramideform dréit. Bei enger Säitegréisst vu 4,5 cm kann d'Plack 5 x 5, 7 x 7 oder 9 x 9 Zänn hunn.