Stadio Luigi Ferraris

Vu Wikipedia
De Stadion

De Stadio Luigi Ferraris ass e Foussballstadion am Quartier Marassi zu Genua. De Stadion gëtt ëmgangssproochlech einfach Marassi genannt. De Stadion huet zirka 36.703 Sëtzplazen. D'Foussballfeld ass 105 × 68 m grouss.

De Grondstee fir de Stadion gouf 1909 geluecht, an en ass den 22. Januar 1911 opgemaach ginn. Den Numm gouf 1933 zu Éiere vum fréiere Foussballspiller a Kapitän vu Genoa Luigi Ferraris verginn, deen am éischte Weltkrich ëmkoum. De Stadion ass 1990 restrukturéiert ginn. Déi aktuell Architektur ass d'Wierk vum Architekt Vittorio Gregotti.

Et ass de Stadion op dem déi zwou Ekippe vu Genua, Genoa a Sampdoria, hir Heemspiller ausdroen. De Lokalderby tëscht den zwou Ekippe gëtt Derby della Lanterna genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luigi Ferraris Stadion – Biller, Videoen oder Audiodateien