Standard instrument departure

Vu Wikipedia

Eng Standard instrument departure (SID) ass eng festgeluecht Streck, op där Fligere mat IFR-Fluchpläng nom Start fléie kënne fir op eng Loftstrooss ze kommen. Déi Streck fänkt beim Enn vun der Startbunn un a féiert op enger spezifescher Streck bis op ee Weepunkt vun enger Loftstrooss, nodeem d'SID normalerweis och benannt ass. SIDe gi vun der Fluchsécherung vum jeeweilege Land (zu Lëtzebuerg d'ANA) geplangt a publizéiert. Hiert Géigestéck sinn d'Standard terminal arrival routen.