Administration de la navigation aérienne

Vu Wikipedia
Administration de la navigation aérienne
Loftverkéiersverwaltung
Land Lëtzebuerg
Secteur Loftverkéier
Leedung Claudio Clori
Verwaltungssëtz Findel
Adress 4 Rue de Trèves, 2632 Sandweiler
Ënnersteet der/dem Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Gegrënnt 21. Dezember 2007
Um Spaweck https://ana.public.lu

D'Administration de la navigation aérienne (kuerz ANA, op Lëtzebuergesch Loftverkéiersverwaltung) ass eng Lëtzebuerger Verwaltung, déi duerch e Gesetz vum 21. Dezember 2007 an d'Liewe geruff gouf[1], mat der Haaptmissioun d'Gestioun vum Loftverkéier den Air Traffic Management (ATM) am Lëtzebuerger Loftraum an an deem vun de Grenzgebidder, fir déi Delegatioune vun de Servicer vun de respektiven zoustännege Loftraumkontrollzentren opgestallt goufen, ze maachen.

Eng aner grouss Aufgab ass den operationelle Fonctionnement vum Fluchhafe Findel ze garantéieren an de Respekt vun de Servituden am Zesummenhank mat der Loftfaart z'assuréieren. D'Verwaltung ënnersteet dem Ministère deen zoustänneg fir den Transport ass, deemno am Ament dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Si ass d'Nofollgerin vun der Administration de l'aéroport, déi 1975 gegrënnt gi war.

Servicer[änneren | Quelltext änneren]

D'ANA huet nieft der Direktioun déi fir Decisiounen an d'Kommunikatioun mam Public a mam Ministère zoustänneg ass, aacht Servicer[2], déi alleguer hir eegen Aufgaben hunn.

  1. Service administratif: iwwerhëlt all d'Verwaltungsaufgabe vun der ANA.
  2. Service des oprérations aéronautiques (AIS): hëlt Fluchdaten (Fluchroute, Fligertyp, Zuel u Passagéier) entgéint, verschafft se a passt se wann néideg och un.
  3. Service du contrôle de la circulation aérienne (ATC): ass zoustänneg fir déi sécher Navigatioun vu Loftgefierer am Loftraum vu Lëtzebuerg an um Findel. Den ATC ass opgedeelt a Luxembourg Tower a Luxembourg Approach.
  4. Service de la communication, de la navigation et de la surveillance (CNS): ënnerhält alleguer d'Anlagen, déi d'Kommunikatioun tëscht de Fluchlotsen an de Piloten erméiglechen. Donieft mécht en och d'Maintenance vun de Navigatiounssystemer (z. B. ILS, NDB, DVOR, etc.) an den Iwwerwaachungssystemer (z. B. Radar). D'Meteosstatioune ginn och vum Service CNS ënnerhalen.
  5. Service météorologique: mécht loftfaartspezifesch Wiederprevisiounen, dozou ziele Siichtwäit op der Landebunn, Dicht vum Niwwel, Thermik, Temperatur, Loftdrock (QNH), Stierm, asw.
  6. Service aérodrome (AER): Maintenance-Aarbechten um Fluchhafe Lëtzebuerg z. B. den Entretien vun der Pist a vun de Rullweeër.
  7. Service électrotechnique (ELE): ass zoustänneg fir déi elektresch Anlagen um Findel.
  8. Service incendie et sauvetage (SIS): ass gläichzestelle mat de Fluchhafepompjeeën déi a kritesche Fäll wéi z. B. Bränn geruff ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 21 décembre 2007 portant création de l'Administration de la navigation aérienne Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-09-10.
  2. Règlement grand-ducal vum 13. Juni 2012 iwwer d'Organisatioun vun der ANA Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-09-10.